Aarmut ass kee Schicksal, mee eng Ongerechtegkeet!
D’LSAP proposéiert Perspektive fir aus der Aarmut erauszekommen
D’Zuele sinn alarmant an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg: 18,1 % vun de Leit liewen am Aarmutsrisiko – dat ass all fënneften Awunner. Déi 10 % räichst Stéit besëtzen d’Hallschent vum gesamte Privatverméigen am Land. Bei all 7. Persoun, déi schafft, geet d’Pai net méi duer, fir anstänneg iwwer d’Ronnen ze kommen. All 4. Kand zu Lëtzebuerg riskéiert a prekäre Verhältnisser opzewuessen.
An déi sozial Schéier geet ëmmer méi séier méi wäit auserneen. Aarmut ass e grousse Gesellschaftsproblem – an ëmmer méi Leit si betraff a rutschen an d’Prekaritéit.
E Plang ouni Mëttel ass kee Plang
D’Regierung hat viru bal zwee Joer grouss ugekënnegt, datt d’Aarmutsbekämpfung eng Prioritéit vun hirer Politik wier. Elo, wou d’Regierung annoncéiert huet, datt se hire „Plan d’action national contre la pauvreté“ endlech presentéiere wëll, fanne mir am Staatsbudget keng Spueren dovun. Dat mécht eis Suergen, fir d’LSAP ass dat onverantwortlech.
Aarmut bekämpfen heescht: Handelen, net waarden
Fir d’LSAP ass kloer: Aarmut ass kee Schicksal, mee eng Ongerechtegkeet. An duerfir ass et wichteg, de Leit d’Méiglechkeet ze ginn, fir iwwerhaapt aus der Aarmut erauszekommen. Leit, déi an Aarmut liewen, brauche keng Almosen – si brauche gerecht Zukunftsperspektiven. An hinnen dës Zukunftsperspektiven ze ginn, dat ass eng reng Fro vu politeschem Wëllen!
Fir d’LSAP musse follgend Mesure séier ëmgesat ginn, fir dës Zukunftsperspektive kënnen ze bidden:
Logement: Wunnen däerf kee Privileeg sinn
- Eng verflichtend Quot (mind. 20 %) fir abordabelt Wunnen an de Gemengen.
- Eng national Bauoffensiv fir sozial Wunnengen.
- Alternativ Wunnformen, wéi z.B. intergenerationell Wunngemeinschaften a Cooperativë konsequent fërderen.
- Besser Protektioun vu Locatairë géint Kënnegunge bei virgetäuschtem „Besoins personnels“.
- Proprietäre musse fir d’Salubritéit vun hire Mietwunnengen haftbar sinn.
Finanziell Prekaritéit: Aarbecht muss sech lounen
- Mindestloun direkt ëm 100 € netto erhéijen an duerno progressiv op 60 % vum Medianloun (wéi an der EU-Direktiv iwwer de Mindestloun virgesinn).
- En Akommes muss existenzsecherend sinn: d’Grondrent an de Revenu d’inclusion sociale (REVIS) deementspriechend an d’Luucht setzen.
- Prekär Beschäftegung (Plattformaarbecht, Interim) duerch Aarbechtsrecht reguléieren.
- Sozial Hëllefe manner séier ofbauen, wann d’Akommes klëmmt.
- Sozialen Encadrement bei Iwwerverschëldung assuréieren, Begleedung bei der Gestioun vum Familljebudget ubidden.
- Sozialtariffer fir Energie, Internet, Versécherung etc. Aféieren.
- D’Initiative fir d’Leit erëm an d’Aarbecht ze kréien ausbauen an adaptéieren, op Formatioune fokusséieren (CISP, TUC, AOT, Emploi social, etc.).
- Am Fall vun enger Trennung, d’Prozedur fir d’Virstrecke vun Alimenter duerch de Fonds national de Solidarité iwwerschaffen.
Kanneraarmut: Kee Kand däerf zeréckbleiwen
- Chancëgläichheet an der formaler an net-formaler Bildung: méi Ressourcë fir Kanner mat Startschwieregkeeten, méi op d’Besoine vun de Kanner an den Elteren agoen.
- Méi Ganzdagsschoule virun allem a Quartieren an deene vill sozial benodeelegt Famillje liewen.
- Indirekt Schoulkäschte (Ausflich, Sportekipementer, etc.) fir benodeelegt Familljen iwwerhuelen.
- Preventiounsprogrammer fir Gesondheet, mentaalt Wuelbefannen an Ernärung garantéieren, mat enger Extensioun op d’Famill.
- „Secret professionnel partagé“ fir eng besser Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren (Schoul, Foyer, Assistants sociaux; Léiermeeschte, etc.).
- Gratis Starter-Pak fir benodeelegt Famillje bei der Gebuert vun engem Kand: Wëndelen, Hygiène-Produiten, Kontakt mat Assistante sociale, etc.
- An alle Fäll a bei all Decisioun muss ëmmer den „Intérêt supérieur de l’Enfant” prioritär considéréiert ginn.
Sans-abrisme: Keen däerf ouni Daach bleiwen
- Ëffentlech Offer fir Leit mat spezifesche Besoinen, déi an enger prekärer Situatioun sinn: eeler Leit, Leit déi net eleng eens ginn, Leit a Reconvalescence. Combinéiere mat Housing first.
- Administrativ Prozedure fir eng „adresse de référence“ vereinfachen an definéieren.
- Besser Offer u Gesondheets- a Suchtprogrammer, inklusiv mental Gesondheet.
- D’„Couverture universelle des soins de santé“ endlech gesetzlech verankeren.
- Zwee-Klasse-Medezin an d’Privatisatioun am Gesondheetssecteur verhënneren.
Fluchterfarung: Mënschlechkeet an Dignitéit garantéieren
- Mindeststandarden an allen ONA-Strukturen anhalen an och an der Maison de Retour – och wann d’Ministere Léon Gloden a Max Hahn dat net esou gesinn (cf. Question parlementaire n° 3064).
- De Leit an den Accueil-Strukture méi sënnstëftend Aktivitéiten ubidden, déi Ziler a Perspektive bidden, den Alldag strukturéieren an/oder de Vivre-ensemble an de Gemenge stäerken.
- Persoune mat Migratiounshannergrond erlaben, hir Diplomer a Qualifikatioune méi einfach unerkannt ze kréien durch Qualifikatiounstester a cibléiert Formatioune fir Persoune mat Beruffserfarung.
Lëtzebuerg, de 13. November 2025.
Kommunizéiert vun der LSAP-Fraktioun.
