Äddi Jacques F. Poos!

 
Mam Doud vum Jacques Poos, den 19ten Februar, verléisst eis e grousse Sozialist an iwwerzeegten Europäer dee sech a senger laanger Karriär mat vill Engagement fir eist Land agesat huet.
 
De Jacques Poos war zanter 1955 aktiven a respektéierte Member vun eiser Partei. Hie war Member vum Comité directeur vun 1976 bis 1995, Fraktiounspresident vun 1975 bis 1976 an duerno Vize-President vun der LSAP vun 1982 bis 1995.
 
Mer erënneren eis dernieft u déi sëllege Mandater déi hien zanter dem Ufank vu senger politescher Lafbunn am Joer 1969 ugeholl hat.
Vu 1969 bis 1976 war hie Gemengeconseiller zu Esch-Uelzecht. Am Joer 1974 krut hien en éischt Mandat als Deputéierten an der Chamber. 1976 gouf hien dunn Finanzminister ënnert der Thorn-Berg Regierung. Vu 1984 bis 1999 war hien e.a. Vizepremier, Minister vun de Classes Moyennes an der Ekonomie souwéi vun der Force publique. Besonnesch awer a senger Funktioun als laangjäregen Ausseminister wäert hie ville Lëtzebuerger a gudder Erënnerung bleiwen.
 

Och op EU-Niveau war de Jacques Poos ganz staark engagéiert. Hien huet z.B. dräi mol (1985, 1991 an 1997) d’Presidence vum Conseil vun der EU als Ausseminister assuréiert.

Duerno, vun 1999 bis 2004 war hie Member vum europäeschem Parlament wou hien e.a. als Vizepresident gewielt gouf, an och an de Kommissiounen “Affaires étrangères” an “Affaires institutionnelles” engagéiert war.
 
2004 huet sech de Jacques Poos aus dunn der aktiver Politik zeréckgezunn.
 
Senger Famill a senge Frënn eist häerzlecht Bäileed!
Facebook
Twitter