- Tom, dëse Summer hues du eng Initiativ aus dem Joer 2011 erëm opliewe gelooss: d’alliance des communes contre l‘énergie nucléaire. 27 Gemengen hunn ënner dengem Lead eng Positioun géint eng Verlängerung oder en Ausbau vun den Atomkraaftwierker an eiser direkter Noperschaft ageholl. Wat sinn, nieft dem Pressecommuniqué, déi nächst Schrëtt oder Démarchen, déi dir elo envisagéiert?
Fir d’éischt mol kann ech soen, dass iwwert de Summer zousätzlech Gemengen zou eis gestouss sinn, sou dass mer mëttlerweil schonn zu 36 Gemenge sinn an ech sinn iwwerzeegt, dass nach weiderer dobäi kommen. Ëmmerhin hu mer domadder en Drëttel vun de Gemengen am Boot, wat e staarkt Zeechen ass.
Nieft dem Pressecommuniqué, geet et elo drëm den Austausch ze sichen an ze kucke wéi mer mat anere Partner hei am Land, awer och an der Groussregioun kënnen zesumme schaffen. Ech si frou, dass mer mëttlerweil e Rendez-vous mat der Regierung fir November kruten
Derniewent hate mer och schonn en 1. Austausch mam Lëtzebuerger Aktiounscomité géint Atomkraaft. Mir sichen och de Kontakt zu Partner an der Groussregioun, hei an enger éischter Phase virun allem am Saarland an a Rheinland-Pfalz. Duerno wäerte mer weider Schrëtt am Austausch an der Koordinatioun, awer och mat eise Gemengen decidéieren.
- D’LSAP huet dës nei Initiative vun Ufank u matgedroen. Wéi huet d’CSV-DP-Regierung, respektiv de Minister Delles, drop reagéiert? Kënne mir eis hei eng national Reaktioun erwaarden?
Natierlech sinn ech frou, dass ech vun Ufank un d’Ënnerstëtzung vu menger Partei krut an och déi meescht LSAP-gefouert Gemengen sech schonn der Initiativ ugeschloss hunn. Wichteg ass et mer awer och z’ënnersträichen, dass ech zesumme mat de Kolleeginnen a Kolleegen ëmmer drop gehalen hunn, dass eis Allianz parteiiwwergräifend ass an dohier hu mir Vertrieder vun der LSAP, awer och der CSV, der DP an „déi Gréng“ an der Koordinatioun.
Ech sot et, mir krute fir November eng Entrevue mat der Regierung accordéiert an d’Tatsaach, dass ëmmerhin 3 Ministeren, de Lex Delles mat senger Zoustännegkeet fir d’Energie, awer och den Ëmweltminister Serge Wilmes an d’Gesondheetsministesch Martine Deprez wäerten deelhuelen, stëmmt mech éischter zouversichtlech, dass d’Lëtzebuerger Regierung an dësem Sujet op der Säit vun de Gemengen an enger Majoritéit vun de Bierger vun eisem Land steet. Definitiv musse mer awer déi Reunioun ofwaarden, well mer natierlech och eng aktiv Roll vun der Regierung am Prozess vun de Lafzäitverlängerungen notamment zu Cattenom, awer och an der Belsch erwaarden.
- Wéi kënnen d’Lëtzebuerger Gemengen sech konkret, a vläicht och nach méi staark, un der Energiewend bedeelegen? Gesäis du hei nach Potenzial fir nei regional a national Kooperatiounen oder Initiativen (Beispill en Ausbau vum Wandpark Sudwand)?
Fir eis war et vun Ufank u wichteg ze soen, dass mir net just géint d’Atomenergie sinn, mee als Äntwert duerfir, respektiv als Alternativ dozou, mir eis och fir den Ausbau vun den erneierbaren Energien asetzen. An do spillen d’Gemenge vun Ufank un eng wichteg Roll. Zousätzlech Efforten sinn awer néideg, wou mir och d’Ënnerstëtzung vun der Regierung an der nationaler Politik brauchen. D’Energietransitioun kann nëmme geléngen, wa mir weider massiv an d’Photovoltaik investéieren, eis Matbierger dovunner iwwerzeegen, sech selwer PV-Anlagen op hiren Dag ze leeën, t’selwecht d’Betriber. Och d’Agri-PV-Anlage bidden nei Chancen, wou déi lokal a regional Kooperatioun sécher méi Chancë bidden. Dat selwecht gëllt nach vill méi fir Wandrieder a Wandparken. Engersäits mussen do weider Efforte gemaach ginn, bestoend administrativ Hürden ofzebauen, an och op verschiddene Plazen d’Skepsis oder Ängschte bei de Leit duerch Informatioun an Opklärung ze huelen.
D’Südwand ass e gutt Beispill, wou d’Akzeptanz bei de Leit op alle Fall an deenen 2 Gemenge wou bis elo e Wandrad opgeriicht gouf, Monnerech a Réiser, ganz grouss ass, an och d’Gemenge frou wieren, wann déi zousätzlech geplangte Rieder endlech realiséiert kéinte ginn. Dat selwecht gëllt fir d’Partner, déi hannert der Südwand stinn. Do musse mir definitiv virukommen, well dat ass déi beschten Äntwert, wa Lëtzebuerg no dru kéim, dass quasi 100% vun eiser Energie aus erneierbaren Energië gewonn kéint ginn, fir kënnen ze soen, mir wëllen a brauche keng Atomenergie méi zou Lëtzebuerg.