Eng Schoul, an där sech jidderee wuelfillt: d‘Grondviraussetzung fir de schouleschen Erfolleg.

on gerecht Schoul: E Gesamtkonzept fir eis Bildung

Eng staark ëffentlech Schoul

  • Een eenzegt, iwwergräifend pädagogescht Konzept, vun der Crèche bis zum Ofschlossdiplom.
  • Déi ëffentlech Europaschoulen an d‘traditionnell Schoulen zesummeleeën – kee gespléckte Schoulsystem!
  • Eng méi grouss Offer u conventionnéierte Crèchen


Dem Kand seng Interessen a Kompetenzen als Basis fir seng schoulesch Entwécklung

  • E konsequenten Ausbau vun Appui an Nohëllef am Fondamental.
  • Transparent Promotiounskrittären am Lycée, mat Moduller fir Haapt- an Niewefächer.
  • Eng Stäerkung vun der berufflecher Orientéierung duerch obligatoresch Stagen, och am Classique.


Eng gerecht Opdeelung vum pädagogesch Personal an de Schoulen (Contingent)

  • Déi personell Ressourcë vun de Gemenge mat engem héije sozialen Index an d’Luucht setzen, fir esou Bildungsongläichheeten ze reduzéieren.

onMÉIGLECH : ENG SCHOUL FIR ALL KAND

Eng Alphabetiséierung am Sënn vum Multilinguismus

  • Keng generaliséiert Alphabetiséierung op Franséisch op Käschte vun Differenzéierung, Appui an Inklusioun.
  • De Projet „Alpha“ an engem iwwerluechten Kader virundreiwen.
  • Finanziell Ënnerstëtzung fir d’Gemenge bei der Ëmsetzung vum Projet.


Gelieften Inklusioun an der Schoul

  • Ee verstäerkten Encadrement fir Kanner mat spezifesche Besoinen.
  • Eng eenzeg Uspriechspersoun fir d’Elteren.
  • Dat spezialiséiert Personal op Basis vun de reelle Besoinen an de Schoule verdeelen.
  • Eng séier Hëllef bei Signalementer vun Inklusiounsfäll déi een Unterrecht onméiglech maachen.
  • Eng Garantie fir eng Plaz an engem Centre de Compétence.


Inklusioun iwwer d’Schoul eraus denken

  • Eng verbessert Zesummenaarbecht tëscht Maison Relais a Schoul mat méi inklusive Fräizäitofferen.
  • Eng kontinuéierlech Ënnerstëtzung vu Mënsche mat spezifesche Besoinen – och nom Iwwergang an d’Erwuesseneliewen.
  • Eng besser Kooperatioun tëscht Schoul an Ateliers protégés.

SECH onWUEL AN DER SCHOUL FILLEN: „BIEN-ÊTRE“ ALS VIRAUSSETZUNG FIR D‘LÉIEREN

Dem kierperlechen, mentalen a soziale Wuelbefannen an der Schoul dee selwechte Stellewäert ginn

  • Déi mental Gesondheet am Kader vun der Schoulmedezin traitéieren.
  • D’Bedeitung vun der mentaler Gesondheet an d’Grondausbildung vun Enseignanten an Educateuren.ricen integréieren.
  • Beweegung/Sport als zentrale Facteur fir d’mental Gesondheet transversal a Schoul a Maison Relais aféieren.

Eng spezifesch Hëllef fir Kanner ënner Drock

  • D‘psychosoziaalt Personal an de Schoulen anescht asetzen, fir en individuelle Suivi vun alle Jonken ze garantéieren.
  • De Kampf géint Mobbing a Gewalt – online wéi offline – als Prioritéit deklaréieren.
  • Digital Opklärung a Medienerzéiung garantéieren.
  • Tutorat ausbauen: Eng fest Uspriechspersoun fir all Kand am Cycle Inférieur fir reegelméisseg iwwer schoulesch – an net reng schoulesch – Themen ze schwätzen.

E Monitoring vum Bien-être

  • D’Wuelbefanne vun de Kanner an dem Personal reegelméisseg moossen (“Barométre du bien-être”).

Partizipativ Schoulgestaltung verflichtend maachen

  • E Schoulëmfeld schafen, an deem Kreativitéit, kritescht Denken an Zesummenaarbecht vu kleng u geziilt gefërdert ginn.
  • Demokratesch Prozesser an de Schoulen erklären a liewen.
  • De Schüler, Elteren a Personal gläichermoossen Accès zu der Gestaltung vun hirer Schoul ginn.

DENG MEENUNG & GEDANKEN