Bréifwahl: elo ufroen!

De 14. Oktober si Wahlen – an et ass elo nach méi einfach, fir är Stëmm ofzeginn!

Dës Regierung huet dofir gesuergt, dass an Zukunft all wahlberechtegte Bierger d’Recht huet, d’Bréifwahl unzefroen, an dat ouni dofir mussen e spezielle Grond unzeginn. Wéi kënnt dir vun dëser Offer profitéieren?

Als wahlberechtegte Bierger kënnt dir ab haut a bis spéitstens de 4. September (wann d’Ënnerlagen an d’Ausland geschéckt ginn) bzw. de 19. September (wann d’Ënnerlagen zu Lëtzebuerg verschéckt ginn) eng Demande fir d’Bréifwahl stellen. Dës Demande kënnt dir ganz einfach online op myguichet maachen, oder andeems dir den offizielle Formulaire (direkt hei oder op myguichet) erofluet, ausfëllt, an un är Gemeng schéckt.

Formulaire

 

 

 

Facebook
Twitter