D’LSAP steet hannert der spuenescher Regierung vum Pedro Sánchez a fuerdert déi lëtzebuergesch Regierung op, dat selwecht ze maachen.

Virun der ausseruerdentlecher Reunioun vun den EU-Inneministeren, muer de 4. August, iwwer déi massiv Arrivée vu Migranten an der spuenescher Enklav Ceuta, muss déi lëtzebuergesch Regierung de Schengen-Raum ouni Kompromëss verdeedegen an déi spuenesch Regierung ënnerstëtzen. Spuenien huet nämlech gewisen, datt et méiglech ass, d’Baussegrenze vun der Europäescher Unioun konsequent ze schützen, ouni dobäi de Rechtsstaat oder déi europäesch Grondwäerter opzeginn.
Verschidde politesch Responsabel benotzen d’Evenementer zu Ceuta schonn als Argument fir géint Spuenien, géint de Schengen-Raum a géint den europäesche Projet Stëmmung ze maachen. D’Fakte weisen awer e ganz anert Bild. Ceuta ass weder e Versoe vu Schengen nach de Beweis fir net geschützte Baussegrenzen. Déi spuenesch Autoritéiten hu séier a ferm gehandelt: Bal all Persounen, déi irregulär op Ceuta komm sinn, goufen zeréckgefouert a keen ass op dat europäescht Festland komm.
Villes deit drop hin, datt dës Migratiounsbeweegunge geziilt organiséiert an instrumentaliséiert goufen. Dosende Mënsche sinn ëm d’Liewe komm, wéi si probéiert hunn, op Ceuta ze schwammen. Si sinn Affer vu kriminelle Schleiser ginn, déi hir mënschlech Nout fir politesch a finanziell Zwecker mëssbrauchen. Amplaz zouzeloossen, datt mat Falschinformatiounen Angscht gemaach gëtt, muss elo séier opgekläert ginn, wien hannert dëser Destabilisatiounsaktioun stécht.
D’LSAP verurteelt dofir kloer all politesch Acteuren, déi dës Situatioun ausnotzen, fir Angscht ze maachen an de Schengen-System a Fro ze stellen. Wa Politiker wéi déi italieenesch Regierungscheffin Giorgia Meloni oder den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt Ceuta benotzen, fir eng Politik vun der Ofschottung a Mësstrauen ze rechtfäerdegen, droe si weder zu méi Sécherheet an Europa nach zu enger verantwortungsvoller Migratiounspolitik bäi. Am Géigendeel: Si schwächen den europäeschen Zesummenhalt a spillen deenen an d’Kaarten, déi d’Europäesch Unioun geziilt wëlle splécken.
Migratioun ass eng europäesch Erausfuerderung a verlaangt dofir och eng gemeinsam europäesch Äntwert. Populismus refuséieren heescht net d’Grenzen net méi ze kontrolléieren. Eng responsabel a kredibel Migratiounspolitik huet zwou Exigenzen: eng strikt Kontroll vun de Baussegrenzen an en absolutte Respekt vun der Dignitéit vum Mënsch. D’LSAP rifft déi lëtzebuergesch Regierung dozou op, sech bei der ausseruerdentlecher Reunioun vun den EU-Inneministeren de 4. August kloer hannert déi spuenesch Regierung ze stellen. Déi gréisste Gefor fir Schengen ass net Ceuta, mee déi Leit déi op all Migratiounskris sprange fir Stëmmung géint Europa ze maachen. Et ass d’Verantwortung vu Lëtzebuerg, sech ouni Ambiguitéit fir d’Integritéit vum Schengen-Raum anzesetzen an eng europäesch Migratiounspolitik ze verdeedegen, déi op Fakten, Verantwortung a Solidaritéit opgebaut ass.
