Här President,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister weiderzeleeden.
De 14. August 2024 huet den Här Minister an engem Interview mat RTL a Fro gestallt, ob de Congé collectif am Bausecteur nach zäitgeméiss wier. Hie wéilt dofir mat de Sozialpartner diskutéieren, fir eng aner Léisung ze fannen. Dës Ausso kënnt ëmsou méi iwwerraschend, well se net am Koalitiounsaccord vun der Regierung erëmzefannen ass.
Mir wëllen den Här Minister drun erënneren, dass de Congé collectif e feste Bestanddeel vum Kollektivvertrag am Bausecteur ass, deen deemno tëschent de Sozialpartner nei verhandelt misst ginn. D’Ännere vum Congé collectif ass domat keng Regierungskompetenz (Artikel L. 164-8 vum Code du Travail). Souwuel d’Gewerkschaften OGBL an LCGB wéi och den Daachverband vun de Bauentreprisen gesinn awer kee Grond fir de Congé collectif a Fro ze stellen.
An deem Zesummenhang wëlle mir dem Här Minister dës Froe stellen:
- Goufen et am Virfeld vun den Aussoen vum Här Minister Gespréicher mat de Sozialpartner?
- Nodeems d’Sozialpartner keng Demande fir eng Verännerung vum aktuelle System gesinn, hält de Minister trotzdeem u senger Iddi fest?
- Wa jo, wéi begrënnt den Här Minister, datt eng Alternativ zum Congé collectif néideg ass?
- Wéi soll déi Alternativ konkret ausgesinn?
- Wëssend, dass d’Derogatioune schonn haut accordéiert kënne ginn (Annexe V vun der Convention collective), kann den Här Minister Zuelen doriwwer liwweren, wéivill Derogatiounen an de Joeren 2022, 2023 an 2024 ugefrot, refuséiert an accordéiert goufen ?
Mat déiwem Respekt,
Taina Bofferding & Georges Engel – Député.e
Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: QP n°1116
*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.