De Franz Fayot zu Bitcoin & Co: „D’LSAP ass momentan ganz skeptesch!“

Dësen Donneschden gouf et an der Chamber eng Aktualitéitsstonn iwwert d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Finanzplaz am direkten Zesummenhang mat der Evolutioun vun de Kryptowärungen. De finanzpolitesche Spriecher vun der LSAP-Fraktioun, de Franz Fayot, erkläert am Interview d’Positioun vun der sozialistescher Partei zu Bitcoin & Co.

Här Fayot, wéi stitt Dir, wéi steet d’LSAP zu de Kryptowärungen?

Franz Fayot: „Mat Kryptowärunge gëtt ganz offensichtlech Spekulatioun bedriwwen. Kryptowärunge waren d’lescht Joer enger ganz grousser Hausse ausgesat. De Bitcoin huet zäitweis bis 15.000 Dollar kotéiert mat enger ganz grousser Volatilitéit. Et gëtt eng Euphorie fir dëst Instrument well sech ganz héich Rendemente versprach ginn an Zäite vu fortwährend niddregen Zënsen.

Als LSAP sti mir dësen Instrumenter fir de Moment relativ skeptesch géintiwwer. Dat wëll awer net heeschen, dass mir technologie-feindlech sinn. Mir sinn der Meenung, dass och vill Potenzialitéite fir d’Finanzplaz an de Beräicher „Reg Tech“ („Regulatory technologies“) a Blockchain stiechen. Dës stiechen eiser Meenung no nach an de Kannerschong an déi gëllt et deemno auszebauen.“

Firwat sidd dir skeptesch vis-à-vis vu Kryptowärungen?

F.F.: „Dat huet dräi Grënn.

En éischte Grond ass, ewéi schonn ugeschwat déi extrem Volatilitéit. D’CSSF huet dat och ënnerstrach an zwee Avertissementer, déi si de 14. Mäerz erausginn  hunn. Am Resumé seet d’Iwwerwaachungskommissioun fir de Finanzsecteur, dass een d’Fanger soll vun dësem Instrument loossen. Et gëtt keng Garantie, dass een iwwerhaapt seng Suen zeréck kritt an et gëtt keng Contrepartie, et ass kee klassescht Geld wou eng Zentralbank dohannert steet. Et ass keng Liquiditéit an dem Instrument.

En zweete Grond fir eis Skepsis ass de Risk vun der Geldwäsch. Als Beispill kann een d’Plattform Alphabay zitéieren, déi rezent zougemaach gouf an déi als gréisste kriminell Plattform iwwer Internet qualifizéiert gëtt. Iwwer Alphabay si bis zu der Fermeture eng Milliard Dollar equivalent a Kryptowärunge gehandelt gi vu Geldwäscher a vun Terroristen. Hei konnt een alles kafe vu Chemikalië bis Waffen. Dat weist dass an dësem Beräich e grousst kriminellt Potenzial läit.“

Wéi kéint eng eventuell Regulatioun ausgesinn?

F.F.: „Wann d’Kryptowärunge kënne reguléiert ginn, dann nëmmen op internationalem Niveau. Kryptowärunge si par essence dezentral Systemer, déi sech all nationaler Souveränitéit entzéien, an dofir mussen do Initiativë vum internationale Währungsfong, mee och vun der europäescher Unioun oder och op internationalen Niveaue kommen, fir dës Plattformen ze encadréieren.“

Wat ass den 3. Grond firwat Dir retizent vis-à-vis vu Kryptowärunge sidd ?

F.F.: „Dat ass den Energieverbrauch. Estimatioune ginn dovunner aus, dass de sougenannte „Mining“ vu Kryptowärungen tëscht 0,05 an 0,15 Prozent vum globalen Energieverbrauch duerstellen. Dat well fir d’Mining-Operatiounen d’Computer Dag an Nuecht musse lafen. Dat ass am Fall just vum Bitcoin de Carbon-Foussofdrock vun engem Land ewéi dem Costa Rica. Dat ass enorm.“

Dir gesitt dat ganzt also éischter negativ?

F.F.: „Et soll een elo de Bebe net mat der Bidden ausschëdden. Blockchain zum Beispill oder „Distributive ledger technology“ hu vill Potenzial an och positiv Applikatiounen. Eng dovunner ass, dass en Blockchain kann dofir notze fir Kryptowärunge méi transparent ze maachen, fir d’Informatioun am Zesummenhang mat Kryptowärunge besser ze maachen a fir doduerch eng méi ethesch Philosophie dohannert ze kréien.

E positiivt Lëtzebuerger Beispill vu Blockchain ass eng Initiativ vum Jean Lasar, den dofir 2017 och e Präis krut vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte. Et geet dobäi ëm de sougenannte „Survcoin“, de „Survival Coin“ woubäi d’Iddi ass, dass ee fir Aktiounen, déi Zäregasen aspueren digitaalt Geld kritt – de „Survcoin“ – mat dem een da kann nohalteg Produiten a Servicer kafen. Dat huet vill interessant Applikatiounen, och a Partenariat mat Gemengen, mat ëffentlechen Déngschter oder enger Rei aneren Acteuren. Ech mengen do ass nach ganz vill Potenzial, dofir soll ee weider an déi Richtung denken.“

 

 

Facebook
Twitter