De Franz Fayot zum „Etat de la nation“: „Fir eng propper Finanzplaz, eng diversifizéiert Economie an eng staark Fuerschung“

Dëst Joer gëtt an der Chamber iwwert den Etat de la Nation net nëmmen allgemeng mee och sektoriell, no véier groussen Themebléck debattéiert. Riedner fir d’LSAP am Beräich Economie a Kompetitivitéit war de Franz Fayot.

Den LSAP-Politiker huet op 3 Punkten insistéiert:

  1. D’LSAP steet fir eng propper an transparent Finanzplaz : d’Begleedung vu Clientë fir Zwecker vu Steierhannerzéiung ass en Auslafmodell.
  2. D’LSAP setzt op eng diversifizéiert Economie, matt engem intelligenten an nohaltege Wuesstem. D’LSAP begréisst déi couragéiert Reflexioun déi mam Jeremy Rifkin iwwert den zukünftege Lëtzebuerger Modell gefouert gëtt.
  3. D’LSAP setzt op d’Recherche an d’Innovatioun als Zukunftspolitik. Am Sënn vun eiser Wëssensgesellschaft, am Sënn vum wëssenschaftlechen a gesellschaftleche Fortschrëtt an am Sënn vun der wirtschaftlecher Kompetitivitéit an Diversitéit ënnerstëtzen d’Sozialisten all Mesuren, déi zu enger Stäerkung vun der Fuerschung – sief déi ëffentlech, sief et déi privat – hei am Land bäidroen.
Facebook
Twitter