De Putin muss dën illegalen Ugrëff op d’Ukrain direkt stoppen!

Mam Amarsch vu Russland an d’Ukrain huet de President Putin en onnéidegen an illegale Krich matten an Europa ausgeléist.
Eis Gedanke sinn elo bei alle Mënschen déi ënnert dësen onmënschlechen Zoustänn leiden a mer fuerdere Russland op dësen Ugrëff op fräiheetlech an demokratesch Wäerter direkt ze stoppen!
D’EU an d’NATO musse Positiounen ausschaffen, wéi ee mat Russland elo an an Zukunft wäert ëmgoen.
Mir als LSAP stinn zu eisen internationale Partner an ënnerstëtzen all Moossnamen déi fir Fridden an Europa an uechter d’Welt suergen!
Facebook
Twitter