De Sozialdialog reaniméieren – elo!

De Sozialdialog reaniméieren – elo!

Eng Noutwennegkeet fir de Lëtzebuerger Sozialmodell ze retten

Zu Lëtzebuerg erliewe mir e geféierleche Paradigmewiessel: D’CSV-DP-Regierung huet mam Lëtzebuerger Sozialmodell gebrach!

Dëse Modell – zanter Joerzéngten d’Grondlag vum soziale Fridden – huet eist Land duerch sëllege Krise gefouert, well Regierung, Gewerkschaften a Patronat op Aenhéicht zesumme verhandelt an Decisioune geholl hunn.

Haut trëppelt d’Regierung de Sozialdialog mat Féiss, sief et an der Pensiounsreform, bei den Ouvertureszäiten am Commerce oder der Sonndesaarbecht, fir nëmmen dës Dossieren ze nennen. All Kéiers hëlt d’CSV-DP-Majoritéit eesäiteg Decisiounen a respektéiert weder d’Gewerkschaften nach d’Meenung vun de Bierger*innen. Domat muss Schluss sinn!

D’LSAP ass erschreckt iwwer déi liichtfankeg Aart a Weis, oder ass et Arroganz, mat där dës Regierung déi sozial Dossieren ugeet.

Lëtzebuerg brauch eng Regierung mat sozialer Verantwortung, déi de Sozialdialog eescht hëlt: diskutéieren aplaz diktéieren, Konsens aplaz eesäiteg Decisiounen. Nëmmen esou reaniméiere mir de
Sozialdialog – an nëmmen esou séchere mir de soziale Fridden!

D’Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce an d’Sonndesaarbecht däerfen net op Käschte vun de Beschäftegte goen a mussen duerch Kollektivverträg gereegelt ginn. Grad wéi
d’Pensiounsreform, wou d’LSAP nohalteg a generatiounsgerecht Propose virgeluecht huet, mussen dës Dossieren zesumme mat de Sozialpartner ausgeschafft ginn.

D’LSAP wäert ni zouloossen, datt de Lëtzebuerger Sozialmodell wéinst der Willkür vun enger neoliberaler Regierung geaffert gëtt. D’LSAP wäert net zouloossen, datt d’Aarbechtskonditioune vun de schaffende Leit verschlechtert ginn!Nee zu den Attacken op d’Gewerkschaften! Nee zum Sozialofbau!

 

 

Facebook
Email
WhatsApp