De soziale Fridden zu Lëtzebuerg ass a Gefor – Interview mam Taina Bofferding

De soziale Fridden zu Lëtzebuerg ass a Gefor. Eng Regierung, déi eesäiteg Decisiounen hëlt an déi net am Interessi vun de Leit sinn, eng Logementskris, déi sech zouspëtzt an en Aarmutsrisiko, dee klëmmt – d’Probleemer si villsäiteg. Mir hunn eis mat der Fraktiounspresidentin Taina Bofferding getraff, fir iwwert déi aktuell Situatioun ze schwätzen an hunn nogefrot, wat muss gemaach ginn, fir dës Krisen ze iwwerwannen.

 

D’Regierung huet mam Sozialdialog gebrach, wéi soll et elo weidergoen?

D’Regierung muss de Sozialdialog nees flécken. Ech géif der Regierung un d’Häerz leeën e Schratt Richtung Gewerkschaften ze maachen. Et muss matenee geschwat ginn. Firwat ass dat wichteg? Eise Sozialmodell funktionéiert esou, datt zu dräi, Gewerkschaften, Patronat a Regierung, Accorde fonnt ginn. Wann dat awer net de Fall ass, riskéiere mir laangfristeg sozial Onrouen a Streiken, wéi mir se an eisen Nopeschlänner kennen.

 

Elo am Hierscht gëtt och de Budget an der Chamber deposéiert? 

Ech si gespaant wou d’Regierung hir Prioritéite setzt. Wichteg fir d’LSAP ass, datt d‘Investitiounen héich bleiwen an op kee Fall um Soziale gefréckelt gëtt.

Well mat der Cotisatiounserhéijung am Kader vun der Pensiounsreform, dem neien Defensebudget an der Steier-Individualiséierung kënnege sech Depensen a Milliardenhéicht un.

An do stellt sech dann d’Fro, wéi dat alles finanzéiert soll ginn? Wéi soll déi Rechnung opgoe wann ee keng nei Recettë wëll siche goen, respektiv net anescht wëll ëmverdeelen?

An der Quadripartite solle geschwë Léisunge fonnt ginn, fir den Defizit an der Gesondheetskeess ze decken – en anere krokelegen Dossier wou d’Regierung gefuerdert ass…

D’Regierung muss mat ganz vill Fangerspëtzegefill un dësen Dossier erugoen a  Kompromësser mat den anere Partner fannen – an net wéi bis elo probéiere mam Kapp duerch d’Mauer ze goen. Den Defizit vun der CNS däerf nämlech net aus enger renger Spuerapproche behuewe ginn! Fir eis däerf duerfir och den Accès universel zu deene beschten Traitementer, d.h. Zougang zu ganz deiere Medikamenter net a Fro gestalt ginn. Well et gi Pisten, fir  de finanziellen Equiliber erëm ze fannen – d’administrativ Fraise vun der Gesondheetskeess oder Leeschtunge wéi de Congé de maternité kéinten z.B. iwwer de Staatsbudget finanzéiert ginn.

Wichteg ass och Akzenter an der Preventivmedezin, well déi beschte Spuermesür ass alles ze maachen, datt Leit net krank ginn. D’Engagement vun der CNS muss méi grouss a méi konsequent geduecht ginn, sief et duerch d’Fërderung vu sportlechen Aktivitéiten, gesonder Ernärung oder geziilter Fréierkennung vu Krankheeten.

Wéi eng Dossiere musse fir dech nach weidergedriwwe ginn?

D’Regierung huet Aarmutsbekämpfung zur Prioritéit erkläert, an trotzdeem woarde mär nach ëmmer op den Nationalen Aktiounsplang zur Aarmutsbekämpfung. De Familljeminister  muss endlech liwweren. Hei am Land lieft all siwent schaffend Persoun trotz hirer Aarbecht ënner der Aarmutsrisikogrenz an all véiert Kand riskéiert a prekäre Verhältnisser opzewuessen. Grad am Kampf géint d’Aarmut geet ee „ weider esou” awer net duer. Niewent finanziellen Hëllefen, brauchen dës Leit och Perspektiven, fir en nohaltege Wee aus der Aarmut.

Wa mär vun Aarmut schwätzen, da si mär och direkt beim Thema „Wunnen“. Logementspräisser sinn ee vun de Grënn, firwat vill Leit Enn des Mounts finanziell Suergen hunn.

Lo wou de Staat de Promoteuren an de Baufirmen entgéint koum, an de Marché erëm liicht urappt, mengt de Premierminister en hätt de Logementsprobleem geléist. Mä d’Logementskris ass net gläich Baukris. Mär brauchen endlech e Paradigmewiessel. Esou wéi mär an der virrëschter Regierung bewosst géint d’Spekulatioun wollte virgoen, mat der Grondsteierreform, der Mobiliséierungssteier, dem Baulandvertrag an dem Remembrement ministeriel. Dës Reforme musse kommen, esou wéi och de Leerstandsregëster, fir erfaassen ze kënnen, wéi vill Wunnengen zu Lëtzebuerg eidel stinn, déi an Zukunft jo besteiert solle ginn. Hei kënnt et an der Koalitioun awer zu Divergenzen, wëll d’Stater DP-Buergermeeschtesch dëst refuséiert. Et dierf ee gespaant sinn, wéi et hei weidergeet.

Facebook
Email
WhatsApp