Déiereschutz endlech eescht huelen! Tribune libre vum Cécile Hemmen

An deenen nächste Wochen wëll d’Regierung e neit Déiereschutzgesetz virleeën. D’LSAP-Deputéiert Cécile Hemmen huet sech an hirer leschter Tribune libre um Radio am Virfeld mam Thema beschäftegt.

Hei dem Cécile Hemmen seng Interventioun fir  nozelauschteren an nozeliesen:

Déiereschutz endlech eescht huelen!

Ëmmer erëm ginn et an de Medie schockant Berichter a Biller iwwer Fäll vun Déieren déi vernoléissegt, mësshandelt a schlëmmer nach gequält ginn. D’Gesellschaft ka ganz schwéier mat esou’ Situatiounen ëmgoen desto méi wou d’Gefill entsteet, dass Déierequälerei wéi e banale Kavaléiersdelikt ugesi gëtt. Och fir d’LSAP ass et inakzeptabel dass et um néidege Respekt feelt virun den Déieren, an deem domat verbonnenen a sougenannten “Bien-être animal”. Eis Gesellschaft huet evoluéiert a mir liewen haut net méi an engem Zäitalter, wou d’ Kanner mam Liedersrimm erzu ginn, a wou’ den Hond mam Fouss gerannt gëtt.

Dee Mentalitéitswiessel sollt sech duerfir endlech och an eiser Gesetzgebung erëm fannen. Vill Leit waarde mat Ongedold op dat neit Déiereschutzgesetz, dat de Minister Ufank Mee der Regierung soll virleeën, an iwwer dat mer duerno an der Chamber wäerten diskutéieren. Mir mussen eis bei deenen Aarbechte virun Aen halen dass et net nëmme wichteg ass, dass vill am Gesetz drasteet mä och, wéi et herno an der Praxis ëmgesat gëtt.

Dat fänkt schonn do un, wéi een op e Fall vun Déieremësshandlung opmierksam mécht. An der leschter Froestonn an der Chamber hunn ech den zoustännege Minister gefrot u wien d’Leit sech solle wennen, fir e Fall vun Déieremësshandlung ze mellen. De Minister huet op den Artikel 23 aus dem Déiereschutzgesetz verwisen, wou eng ganz Rëtsch vu Leit an Instanzen opgezielt ginn, déi hei a Fro kommen, dorënner d’Police, d’Douane an Veterinärinspektioun. Dacks ass dee couragéierten Uruff, wann een iwwerhaapt de richtegen Uspriechpartner bis fonnt huet , den Ufank vun enger komplizéierter a virun allem laangwiereger Prozedur …déi eventuell eréischt gräift wann et ënner Ëmstänn ze spéit ass.

Ech proposéieren duerfir, dass eng Hotline, eng Zort Déieren–SOS ageriicht gëtt, wou opmierksam Bierger eng Ulafstell kréien , fir sech z’ informéieren , an natierlech an dréngende Fäll Déierequälerei kënne mellen. En Déier brauch eis Stëmm, e brauch eis fir op de Verstouss vum Gesetz opmierksam ze maachen. De Suivi soll och public gemaach ginn. Firwat net den Déiereschutz mat allem wat derzou gehéiert op enger Internet-Säit vum Ministère thematiséieren? Fir d’Lsap ass esou eng Kommunikatiounsaarbecht extrem wichteg, schliisslech geet et dorëms dass den Déiereschutz endlech eescht gëtt, dass noléisseg Besëtzer verstinn, dass mat serieuxer Strofe muss gerechent ginn, an dass d’Allgemengheet drun erënnert gëtt, dass e respektlos Verhalen vis-à-vis vun Déieren net banaliséiert an op kee Fall toleréiert gëtt.

De Rapport 2015 vum Landwirtschaftsministère deen ëmmerhin 280 Säiten ëmfaasst, rappeléiert grad emol op enger Drëttelssäit dass dee Ministère och fir d’Wuel vun den Déieren zoustänneg ass a just grad an engem knappe Saz steet dass et 16 Plainten gouf wéinst Verstéiss vum Déiereschutzgesetz

Mee wéi sot de Mark Twain: D’Déiere sinn eis beschte Frënn. Si stelle keng Froen a kritiséieren net…

Deemno ass et un eis sech hirer unzehuelen …d’LSAP mécht et mam néidegen Eescht vun der Saach.

Facebook
Twitter