Liz, de Georges Mischo ass als Aarbechts- a Sportminister zeréck getrueden – och well en sech an der Affär em de geplangte Sportsmusée net un d’Reegelen gehal huet. Du hues des Affär opgedeckt, wat huet de Georges Mischo hei falsch gemaacht ?
Am Dossier vum Sportsmusée wäert sech eréischt an de kommende Wochen weisen, wéi schwéier d’Feeler tatsächlech weien. Als Escher Gemengeréitin hunn ech de Projet zanter Joren begleet a war iwwerrascht, wéi séier de Minister – nodeems de Projet op Lankelz no siwe Joer opginn gouf – en neie Projet presentéiert huet. Wéi mir bis all déi relevant Informatiounen zesummen haten, hu mir de Minister an der zoustänneger Kommissioun domat konfrontéiert, datt fir e Projet vu ronn 30 Milliounen Euro keng ëffentlech Ausschreiwung gemaach gouf an datt de Promoteur gläichzäiteg mat senger eegener Machbarkeetsstudie beoptraagt gouf. Dës Vermëschung vu Rollen werft sérieux Froen zur Transparenz an zu méiglechen Interessenskonflikter op. Gläichzäiteg ass de Budget vun ursprénglech ronn 17 Milliounen Euro op iwwer 30 Milliounen Euro geklommen. An deem Kontext ass dunn och d’Press drop opmierksam ginn a huet weider Onreegelméissegkeeten opgedeckt.
De Georges Mischo hat gesot, et kéint net sinn datt eng Escher Oppositiounspolitikerin de Sportsmusée zu Esch torpedéiert… eng perséinlech Attack op dech.
Wann d’Fakten net méi relativéiert kënne ginn, gëtt d’Kritik op eemol perséinlech. Schlussendlech war et den CSV Finanzminister deen de Projet torpedéiert huet, an dat well de Sportminister sech ze vill Fehler erlabt huet, déi riskéiert hätten op déi ganz Regierung zeréckzefalen wann de Projet net zur Zäit zeréckgezunn gi wäer. Ech hu meng Aarbecht als Oppositiounspolitikerin gemaach: Froen stellen, Onkloerheeten opdecken an op Prozeduren hiweisen.
De Sportsmusée ass net den eenzegen Dossier mat deem de Georges Mischo an d’Laberente geroden ass : Sozialdialog, Sonndesaarbecht, asw. Wéi interpretéiers du, datt de Minister elo huet musse senger Wee goen. Wat heescht dat fir d’Regierung an de Premierminister ?
Dem Minister seng Demissioun ass déi logesch Konsequenz vun enger Serie vu politesche Feeler an engem Stil, dee vill Schiebelen hannerlooss huet.
Dës Besëtzung werft virun allem eng Fro op, déi de Premierminister beäntwere muss: firwat gouf esou laang un engem Minister festgehalen, obwuel d’Signaler sech accumuléiert hunn? Dat huet d’Regierung geschwächt – an dat an engem Moment, wou d’Land souwisou mat Spannungen a Mëssvertrauen ze kämpfen huet. De richtege Moment, fir Konsequenzen ze zéien, ass net genotzt ginn. Politik heescht awer net, Problemer auszesëtzen, bis et net méi geet, mee Verantwortung ze iwwerhuelen, wann et nach méiglech ass, Schied ze évitéieren.
Fir de neie Minister gëtt dat kee liichte Start mee ech si positiv gestëmmt, dass de Minister Spautz wäert probéieren Brécken ze bauen, wou säi Virgänger Ueleg an d’Feier geschott huet.