D’Regierungs-Schëff an neien Turbulenzen – ass nach een um Steier ?

Léif Komerodinnen, léif Komeroden,

De selwer ernannte Kapitän Luc Frieden huet sech geiert: et déit nämlech näischt drop hin, dass dat schwaarzt-blot Schëff no den éischte stiermesche Joren elo a rouegt Gewässer géif seegelen, sou wéi hien de Leit am Land dat an Aussiicht gestalt huet.

De Géigendeel ass geschitt.

2025 waren d’Pensiounsreform an d’Attacken op de Sozialdialog déi grouss Sträitpunkten, och bannen der Koalitioun, wou d’DP sech verstoppt huet an d’CSV der ëffentlech laanscht d’Banke krut, mat als Kiischt um Kuch um Joresenn der Demissioun vum Sportmusée -Minister Georges Mischo.

2026 geet et monter virun, nees muss een CSV-Regierungsmemberen ferm rudderen, des Kéier ass et d’Gesondheetsministesch wéint der Affär ronderëm ee suspendéierten Dokter.

Mee elo well d’CSV wuel awer net méi deen anere Bak dohin halen. An der Affär ronderëm d’Unisex-Toilettë falen déi Schwaarz deene Bloen ëffentlech an de Réck, den Educatiounsminister an d’Gläichstellungsministesch geroden an d’Schiflag um Regierungstanker.

Wéi soll eng Regierung, déi sech net eens ass, mat sech selwer an hiren zum groussen Deel hausgemaachte Krise beschäftegt ass, d’Land efficace féieren ?

Wéi soll eng Regierung, déi net nëmme Gaffe produzéiert, mee sech dann och nach géigesäiteg an de Knéi schéisst, vun de Leit am Land eescht geholl ginn ?

Wéi kann déi Regierung erwaarden, dass ee Vertrauen an d’Politik behält oder kritt ?

Déi zwou nei Affären hunn op alle Fall schonn hir Affer:

D’ LGBTQI+ Communautéit, där hir Hoffnungen, dass hir Uleies eescht geholl ginn,eemol méi enttäuscht goufen

D’Patientinnen a Patienten, déi veronséchert si wéi nach ni an där hiert Vertrauen an eisen -objektiv gudden- Gesondheetssystem verschwënnt.

Wéivill Schued soll des Regierung nach uriichten ? Wien soll dat Schëff  an e sécheren Hafe steieren, wann et permanent um Punkt ass, fir ënner ze goen? Et gëtt een aneren, ee bessere Wee fir Politik ze maachen. Op d’LSAP war a bleift Verlooss.

Francine & Dan

Facebook
Email
WhatsApp