Keng duebel Strof am Fall vun enger schwéierer Krankheet!

Claude Haagen & Taina lors d'une conférence de presse sur le sujet du droit à l'oubli

Zu Lëtzebuerg gi Leit, déi eng schwéier Krankheet wéi zum Beispill Kriibs iwwerwonnen hunn, nach ëmmer diskriminéiert. Och wa si erëm gesond sinn, ginn si benodeelegt, wann si zum Beispill eng Versécherung ofschléisse wëllen oder bei enger Bank en Immobiliekredit ufroen.

Vill ze dacks kréien dës Leit dann entweder d’Assurance refuséiert oder si mussen extrem héich Primme bezuelen. Dat ass ongerecht fir Mënschen, déi schonn eng immens schwéier Zäit hannert sech hunn, an déi elo einfach nëmmen an dat normaalt Liewen zeréck wëllen.

Den „Droit à l’oubli“ erlaabt et, datt betraffe Persounen hir fréier Erkrankung no enger gewësser Zäit net méi mussen uginn, wann si eng Assurance ofschléissen. Dëse Prinzip gouf zu Lëtzebuerg am Joer 2020 duerch eng Konventioun tëscht den Assurancen an dem Gesondheetsministère agefouert, awer nëmmen op fräiwëlleger Basis. An anere Wierder: d‘Versécherungsgesellschaften entscheeden, ob si den Droit à l’oubli unerkennen, an och wéi héich d’Primme sinn. Doduerch bleiwen nach ëmmer vill Leit vum Droit à l’oubli ausgeschloss oder mussen extrem héich Primme bezuelen.

Mënschen, déi eng schlëmm Krankheet iwwerwonnen hunn, dierfen net méi diskriminéiert ginn”, sou d’Fraktiounspräsidentin Taina Bofferding. “Den Droit à l’oubli soll hinne Rechtssécherheet ginn an d’Garantie, datt si bei de Versécherer a Banken net méi benodeelegt ginn”.

Claude Haagen & Taina lors d'une conférence de presse sur le sujet du droit à l'oubli

Eng Gesetzespropos fir Gerechtegkeet

Duerfir huet d‘LSAP eng Gesetzespropos deposéiert, fir den Droit à l’oubli am Gesetz ze verankeren a méi breet unzewenden. Konkret soll zum Beispill eng Persoun, déi vum Kriibs geheelt ass, no engem Maximum vu 5 Joer, den Assureuren net méi mussen uginn, datt si an der Vergaangenheet Kriibs hat. Jee no Krankheetsbild, kann dës Dauer awer och méi kuerz sinn. D’Gesetzespropos gesäit duerfir d’Schafe vun engem “Comité de suivi” vir, deen an enger Grille festhält, wéi een Zäitraum fir wéi ee Krankheetsbild unzewenden ass. Dës Grille soll dann och reegelméisseg, dem Fortschrëtt vun der Medezin ugepasst, aktualiséiert ginn.

Fir d‘LSAP ass et nämlech inakzeptabel, datt Leit, déi eng schwéier Krankheet haten, duebel bestrooft ginn, well hir Rechter ageschränkt sinn. „Leit, déi eng schwéier Krankheet iwwerwonnen hunn, ginn am Alldag weider benodeelegt. Dofir muss den Droit à l‘oubli e Recht sinn an keng Gefällegkeet vun den Assurancegesellschaften“, ënnersträicht den LSAP-Deputéierte Claude Haagen.

Frankräich oder d’Belsch hunn dëse Schratt scho gemaach, andeems si den Droit à l’oubli am Gesetz verankert hunn. Lëtzebuerg muss elo och handelen, fir des Diskriminatioun ofzeschafen. Der LSAP hir Gesetzespropos bitt der Regierung eng gutt Méiglechkeet, dat elo ze maachen.

D’Gesetzespropos an déi verschidden Avisen zum Text fannt der hei: https://www.chd.lu/fr/dossier/8562

 

Facebook
Email
WhatsApp