„E Budget op wackelege Féiss“ – Taina Bofferding

Reaktioun vun der Fraktiounspresidentin Taina Bofferding op d’Budgetsried 2026

De Budget fir d’Joer 2026 ass deposéiert. D’LSAP-Fraktioun ass am Gaangen d’Analys ze maachen. Avise vun de Beruffskummeren a weidere Gremie wäerte gläich virleien. Wat ass déi éischt Reaktioun zum Finanzminister senger Presentatioun?

Déi finanziell Situatioun vum Staat ass manner rouseg wéi an der Vergaangenheet. De Wuesstem soll wuel vun 1 % op 2 % fir dat kommend Joer eropgoen, allerdéngs ass dat een déiwen Niveau, d’Recettë spruddelen net méi esou wéi virdrun – dat ass déi eng Feststellung. Eng aner ass, datt vill Ausgaben op de Staat duerkommen. Zum Beispill an der Defense, wou 1,3 Milliarden € fir 2026 virgesi sinn oder nach déi ugekënnegt Steierreform mat der Individualiséierung,  déi tëschent 800 an 900 Milliounen € d’Joer kaschte soll.

Bei den Ausgabe sinn zum Deel sënnvoll Mesuren dobäi, wéi d’Erhale vun der Energieprimm. Oder Invester a Spideeler, Projeten déi nach vun der viregter Regierung ugestouss gi sinn. Dat alles kascht, an do stellt sech d’Fro: „Wie soll dat alles bezuelen? Wou huele mär déi Suen hir?“. Do bleift de Minister eis nach eng Äntwert schëlleg. Eng seriö Finanzpolitik gesäit anescht aus.

A senger Budgetsried huet de Finanzminister permanent vum matenee wuessengeschwat. De Wirtschaftsmodell an de Sozialmodell wären zwou Säite vun der Medail vum Lëtzebuerger System. Eng Medail, där hir Säiten awer net gläich ze si schéngen, well bis elo huet Regierung ëmmer déi wirtschaftlech Säit favoriséiert an déi sozial Säit vernoléissegt.

Dat Wuert „mateneen“ huet de Minister gefillten 100 Mol a senger Ried gebraucht. Mee et bleift ironesch wann eng Regierung, déi de Sozialdialog esou ugegraff huet, wéi nach keng virdrun, all Consultatioun, déi se gemaach huet zu enger Scheinpartizipatiounsveranstaltung verkomme léist. Wie mengt si da wa si vum „mateneen“ schwätzt? D’Sozialpartner, d’ASBLen, d’Bierger? D’Regierung huet bis elo net gewisen, datt si mat iergendengem matenee schaffe wëll. Mee vläicht bezitt sech de „mateneen“ jo och just dorop, datt déi eenzel Minister elo mol matenee schaffe wëllen – do hate mär d’lescht Joer jo och eng Rei Elenggäng.

E positiven Aspekt am Budget ass, datt och Indicateure vum PIB-Bien-être afléissen, dat geet op eng Initiative vun der LSAP zeréck.

Bref, dat ass e Budget deen op wackelege Féiss steet. Mat villen Ausgaben, mee engem grousse Fragezeiche bei de Recetten. Sou datt ee sech freet, ob do alles kann agehale ginn, oder ob et sech net hei einfach ëm eidel Versprieche vun der Regierung handelt.

Facebook
Email
WhatsApp