E Réckbléck op 4 Joer Presidence

En emotionale Réckbléck...

E Bilansinterview...

Francine, Dan – no 4 Joer als Presidente vun der LSAP hutt dir um Neijoerschpatt annoncéiert wëllen opzehalen. Dir hutt d’Partei déi lescht 4 Joer gepräägt. Wat empfannt dir als är gréisste Meritte mat Bléck op är Zäit als Presidenten ?

Francine:
Ech si frou, dass mir d’Partei an deene lescht véier Joer sou opgestallt hunn, dass mir se eise Successeuren an engem optimalen Zoustand hannerloosse kënnen.

Et ass eis gelongen, fir eis Sektiounen – d’Häerz vun der LSAP – nohalteg ze stäerken. Mir hunn d’Parteizentral zu Gaasperech esou opgestallt, dass eis Walcampagnë professionell assuréiert ginn, dass qualitativ politesch Aarbecht geleescht gëtt, an dass se e kompetenten an disponibelen Uspriechpartner fir Bezierker a Sektiounen ass.

Besonnesch houfreg sinn ech op eis Membersrekrutéierung. An de leschte véier Joer hu mir ronn 1.000 nei Membere bäikritt, dorënner vill motivéiert Jonker a Fraen. Et war eis wichteg, der jonker Generatioun eng Bün ze ginn. Wann ech haut op d’Parteileedung kucken a gesinn, wéi vill Jonker a Fraen sech do engagéieren, dann hu mir ee wichtegt Etappenzil erreecht.

Dan:
D’Partei vu bannen eraus ze stäerke war eist kloert Zil. Genee esou wichteg war et, de Kontakt mat de Sektiounen aktiv ze sichen an ze fleegen. Mir hunn dofir eng Rei konkret Mesuren ëmgesat: de Sektiounsscreening 2024, zwou Membersëmfroen, zwee „Pätt ënner Presidenten“ souwéi e Sektiouns- a Bezierksvademecum. Alles mam Zil, op eis Basis ze lauschteren, se ze ënnerstëtzen an esou eis Partei nohalteg ze stäerken.

Net ze vergiessen ass och d’Erhéijung vun de Cotisatiounen, déi eise Sektiounen eng zousätzlech finanziell Stäerkung garantéiert.

Wat sinn är gréissten politesch Erfolleger als Co-Présidence vun der LSAP?

Dan:
Et ass schwéier, hei just ee Punkt erauszehiewen. Ech mengen awer, datt een och d’Walresultater an de Bléck huele muss. D’Gemengewale waren e kloert Signal: Mir hunn an enger ganzer Rei Gemenge Jonker no vir bruecht, mir hu Gemenge gewonnen, zréckgewonnen – deelweis souguer mat absolutter Majoritéit.

Och bei de Chamber- an Europawalen hu mir den Trend gedréint. No Joren am Minus (2009: -1,8; 2013: -1,3; 2018: -2,7) hu mir 2023 nees e Plus erreecht. No de Prozenter si mir déi zweetstäerkst Partei am Land – och wann d’Auswierkunge vum Walsystem dëst Bild an der Sëtzverdeelung net spigelen. Bei den Europawale war d’Entwécklung nach méi däitlech: No de Verloschter 2009 (-2,6) an 2013 (-7,8) an engem liichte Plus 2018 (+0,44) hu mir 2024 mat der Ekipp ronderëm de Marc Angel e staarke Gewënn vun 9,5 % areecht. Dat weist: D’LSAP ka Wale gewannen.

Francine:
Net ze vergiessen ass och d’Statutereform. Als Parteileedung hu mir hei eng konkret Moderniséierung vum Fonctionnement op de Wee bruecht.

Als groussen Ofschloss vun eisem Mandat proposéiere mir elo en neie Grondsazprogramm als Basis fir eis politesch Zukunft an als Virbereedung op déi nächst Walen. De Grondsazprogramm steet fir eng inhaltlech Weiderentwécklung, Moderniséierung, Ergänzung a Stäerkung vun eise Grondwäerter. Et geet drëms, eis staark Prinzippie vu Fräiheet, Sécherheet, Gerechtegkeet a Solidaritéit an déi haiteg Zäit ze iwwersetzen, se ze schäerfen an duerch nei, aktuell Wäerter wéi Fortschrëtt an Nohaltegkeet ze ergänzen.

Als Co-Présidence wëlle mir dofir och all deene Merci soen, déi sech aktiv a konstruktiv an dëse participative Prozess abruecht hunn: an der Parteileedung, an der Parteizentral, an eisen Zukunftsakademien – wou mir bewosst op eis Membere gelauschtert hunn – souwéi op de Bezierkskongresser, wou de Programm breet virgestallt an konnt diskutéiert ginn.

D’Fro ronderëm déi nächst Presidence ass nach net ganz gekläert. An awer, wat wëll dir ären Nofollger mat op de Wee ginn ?

Dan:
Richteg, bis den Nationalkongress vum 14. Mäerz ass d’Nofolleg nach net definitiv gekläert. Wat ech awer ka soen: D’Partei ass an engem ganz gudden Zoustand. Mir hu Strukture gestäerkt an eng positiv Dynamik geschaf. Eis Sektiounen si gestäerkt a motivéiert. Eis GT’en funktionéieren. Elo geet et drëms, de Moderniséierungsprozess konsequent weiderzeféieren. D’LSAP muss de Leit eng kloer Perspektiv ubidden, dobaussen an och intern – politesch, gesellschaftlech an organisatoresch. Ech sinn iwwerzeegt, datt dat geléngt.

Francine:
Déi nächst Présidence wier sécher gutt beroden, fir ganz gutt op d’Basis vun der Partei ze lauschteren. De Stellewäert vun der Parteiaarbecht a vun eise Sektiounen ass kruzial wichteg. Nëmme mat enger staarker Basis kënne mir zesummen no vir kucken an erfollegräich sinn. D’LSAP kann 2028 d’Wal gewannen. Zesummen: Dat ass net nëmmen eise Slogan, dat ass eis Iwwerzeegung. Mir alleguerte mussen dat all Dag liewen – da kënne mir zouversiichtlech an déi nächst Chamberwale goen.

Facebook
Email
WhatsApp