E staarkt Joer 2025! – MERCI

Léif Komerodinnen a Komeroden,

wa mir op d’Joer zeréckkucken, da gesi mir, wéi vill mir zesumme beweegt hunn. 

2025 war e Joer mat Erausfuerderungen, mat wichtege politesche Momenter – mee virun allem mat engem staarke gemeinsame Wëllen, fir e soziaalt, gerecht a mënschlecht Lëtzebuerg virun ze bréngen.

Politesch hu mir dëst Joer kloer Akzenter gesat.
Wunne muss e Grondrecht sinn – dofir hu mir eis och kloer fir en aktive Staat um Logementsmarché agesat. Mir fuerderen eng reell Wunnengsbauoffensiv; mir wëlle Keefer a Locatairë besser schützen a mir wëllen der Immobiliespekulatioun endlech een Enn maachen! Wéi mir dat wëllen erreechen, hu mir virum Summer an enger breet ugeluechter Campagne de Leit probéiert ze vermëttelen.
An enger zweeter Campagne hu mir eis op eise Bildungssystem konzentréiert – mir hunn de bien-être vu Schüler an Enseignanten heibäi kloer a bewosst an de Mëttelpunkt gestalt. Mir brauchen e Gesamtkonzept fir eis Bildung; eng Schoul fir all Kand an de Bien-être als Viraussetzung fir d’Léieren.

Och an eiser Partei war et e Joer mat vill Dynamik a positiven Impulser.
De participative Prozess ronderëm de neie Grondsazprogramm ass lancéiert ginn, als Start fir eng breet an oppen Debatt. An de villen Aarbechtsgruppen an op eisen zwou Zukunftsakademien hu mir analyséiert, diskutéiert, gelaacht, nogelauschtert – an eng ganz Rei nei Iddien a Beweegung gesat. Dëst Joer huet gewisen, wéi lieweg a kritesch eis LSAP ass.

Mat vill Emotioun hu mir zu Berdorf de Nicolas Schmit geéiert an zu Esch un de Jacques Poos erënnert, zwee Sozialdemokraten, déi mat hirer Haltung an Aarbecht Spueren hannerlooss hunn, déi eis weider orientéieren.

Fir d’Verbindung tëscht der Exekutiv an der Basis nach méi ze stäerken, hu mir fir d’zweete Kéier de “Presidentepatt”organiséiert – eng Invitatioun un all d’Sektiounen, fir kënnen ze diskutéieren an ze héieren, wat mir eis Partei nach besser kënne maachen. Eng konkret Propos vun eise Presidente war et do fir den LSAP-Info och als Audio opzehuelen, well ëmmer manner gelies, awer ëmmer méi gelauschtert gëtt. Mir hu gelauschtert an ëmgesat – knapp zwou Woche méi spéit ass den éischten LSAP-Info a Podcast-Format un eis Membere verschéckt ginn. Donieft hu mir mat eisem éischte Sektiounsquiz eng Initiativ geschaf, fir dat internt Parteiliewen, an den Austausch an d’Kenneléieren tëscht de Sektioune weider ze stäerken.

All dës Momenter weisen: D‘LSAP ass staark, wa mir zesumme stinn an zesumme schaffen. Et ass dës Solidaritéit, dës Bereetschaft fir Verantwortung ze iwwerhuelen, déi eis virubréngt. 2026 gëtt gutt – a mir freeën eis elo schonn, fir Dech de 14.Januar op eisem Neijoerschpatt zu Miersch an de 14.Mäerz op eisem Nationalkongress an der Stad ze gesinn!

Elo kommen d’Feierdeeg, eng Zäit fir zur Rou ze kommen, fir Merci ze soen an déi richteg Prioritéiten am Häerz ze droen. Eng Zäit, déi eis drun erënnert, datt Zesummenhalt net nëmme Politik, mee Alldag ass.

Mir soen Dir vun Häerzen e grousse Merci fir Däin Engagement, Deng Iddien an Deng Präsenz. Nëmmen duerch Dech an iech Membere bleiwe mir eng dynamesch, oppen an zukunftsorientéiert LSAP.

Mir wënschen iech an äre Famillje schéi Feierdeeg, vill Freed an eng gutt Zäit zesummen.
Op e gutt Joer 2026!

Francine & Dan

Facebook
Email
WhatsApp