- Du bass zanter Oktober 2025 Buergermeeschtesch vun der Gemeng Steesel. Eng Gemeng ganz no un der Stad Lëtzebuerg, an awer deelweis am ländleche Raum. Wat appreciéiers Du am Meeschten un denger Gemeng?
Am meeschten appreciéieren ech u menger Gemeng dass mir eng Transitiounsgéigend sinn. Et ass ländlech, et kann ee säin Ziel souwuel mam Vëlo, awer och schnell iwwert Landstrooss oder d’Autobunn an der Stad oder soss anzwousch sinn. Steesel ass eng naturno Gemeng mat immens vill Gréngflächen, mat méi wéi engem Hektar Bësch fir all Dag am Joer. Bei eis lieft d’Landwirtschaft nach a gläichzäiteg kënne mir vun enger flotter Offer un Aktivitéiten dobausse profitéieren. Am Léifsten hunn ech déi laang Summerdeeg wou ee gutt profitéiere kann a mir flott Fester feieren an een e gesellege Moment mat de Kolleegen a Matbierger verbrénge kann, mee gläichzäiteg freeën ech mech op de Chrëschtmaart dee geschwë stattfënnt.
- Du bass Uganks 2024 fir d’Monique Feltgen an de Gemengerot nogeréckelt, du hues deemno nach keng Erfarung am Schäfferot. Wéi krus Du Dech an d’Mandat vum Buergermeeschter erageschafft? Ween huet Dir bei dengem Start gehollef?
Neen, ech hat nach keng Erfarung wou ech elo als Buergermeeschtesch nominéiert gouf, mee usech ass dat net sou schlëmm, well ech als onbeschriwwent Blat era koum, a mir probéieren sou gutt wei méiglech meng eege Meenung ze maachen ouni ze vill Afloss vu baussen ze hunn. Ech hu ganz vill Support vu menger Famill, mat mengem Mann de Kanner an den Elteren. Ausserdeem kann ech ëmmer op den Här Marchetti, mäi Virgänger zielen. Ouni hie wier ech souwisou net do wou ech Haut sinn an dofir sinn ech him immens dankbar. Och meng Parteikomerode sti mir gär zur Säit. An dann, last but not least, hunn ech natierlech op der Gemeng e super Team hannert mir stoen, dat mir mat Rot a Dot bäisteet. Op si kann ech zielen.
- Wat sinn déi 3 Projet’en, déi’s Du onbedéngt an dengem Mandat wëlls an der Gemeng Steesel ëmsetzen?
O mei, et si vill kléng a grouss Projeten un deene mir aktuell schaffen. Wat mir besonnesch um Häerz läit, ass de Reamenagement vun eisem Schoulhaff, deen zum Zil huet de Schoulhaff méi kannerfrëndlech ze maachen an och méi naturno. Dann hätte mir eise Steeseler Zentrum, dee steet wuel virun der Fäerdegstellung, mee huet awer nach eng gréisser Baulück déi gefëllt muss ginn, dëst am Sënn vun eise Matbierger a Matbiergerinnen. Dozou gëtt et awer nach kee konkrete Plang. An dann hu mir och nach vill Problemer mat Waasser, sief dëst „Starkregenereignisse“ oder Héichwaasser. Ech hunn mir zum Ziel gesat, fir eis Gemeng méi résillient ze maachen an ze probéieren esou gutt wéi méiglech virbereet ze si wann d’Waasser kënnt.
- Steesel ass traditionell eng “rout” Gemeng. Vereinfacht dat denger Meenung no d’Schaffen als LSAP-Buergermeeschtech, oder mécht et eventuell méi Drock, well d’Awunner vläicht (méi) héich Erwaardungen hunn?
D’Erwaardunge vun de Bierger sinn allgemeng héich, well ech do eng Successioun vun engem gestanene Gemengesekretär an Ex-Receveur untrieden, dee seng Kompetenz iwwert méi wéi 40 Joer gewonnen huet. Ech maache mäi Bescht fir den Ufuerderunge gerecht ze ginn. Drock empfannen ech awer keen. Ech maachen et gär a freeë mech all Dag op d’Gemeng ze goen an neien Erausfuerderungen entgéint ze trieden.
- Nieft Steesel si mat Luerenzweiler (Marguy Kirsch Hirtt) a Lëntgen (Louis Pinto) 3 Gemengen aus dem Uelzechtdall vun LSAP-Politiker gefouert. Mécht dat d’Zesummenaarbecht tëscht de Gemenge méi einfach, oder spillt dat keng grouss Roll?
Zesummenaarbecht tëschent den 3 Gemengen ass selbstverständlech wichteg an et fillt ee sech méi verbonne wéi elo bei enger anerer Gemeng. Mir hunn och verschidde Syndikater wou mir zesumme schaffen sou z.B. den CIGR – Fläissege Fiissche, oder d’Piscine intercommunale Pidal, wou nieft Luerenzweiler a Steesel och Walfer vertruede ass. Allgemeng muss ee soen dass d’Entente tëscht den Uelzechtdall Gemenge relativ gutt ass. D‘ „LSAP Uelzechtdall“ wou mir eis reegelméisseg gesi fir iwwert aktuell Themen ze diskutéiere ass dofir de beschte Beweis.