Eise Pensiounssystem sozial gerecht ofsécheren!

Schwaarz-Blo plangt eng Pensiounsreform, an där jidderee méi laang muss schaffe goen! Dat ass weder sozial nach gerecht. Amplaz d’Leit einfach elo ze zwénge méi laang ze schaffen, ginn et besser Alternative, wann de Pensiounssystem muss nei ofgeséchert ginn.

Iwwert esou Alternativen hu mir e Méindeg de 16. Juni mat eise Memberen diskutéiert. Bei der LSAP lauschtert een nämlech op seng Memberen, et diskutéiert een an et fënnt ee gemeinsam Positiounen.

Wann eng Reform muss gemaach ginn, proposéiere mir duerfir

  • den Iwwerschoss vum Kompensatiounsfong fir d’Pensiounskeess ze notzen.
  • datt de Staat d’administrative Käschte vun der Pensiounskeess iwwerhëlt.
  • méi Solidaritéit bei de Bäiträg: Kee Plaffong méi fir héich Akommes.

 

An, wann dat net duergeet, proposéiere mer

  • eng progressiv Bäitragserhéijung bis all kéiers 1% fir de Staat, den Employeur an de Salarié.
  • (bei engem Defizit an der Pensiounskeess), eng sozial gestaffelt Sozialkontributioun op all Zort vu Revenu.

 


Andréck vum LSAP Forum zur geplangter Pensiounsreform 📸

 

Facebook
Email
WhatsApp