De Projet „Impuls“ fënnt an ëmmer méi Gemengen Uklang a wiisst séier. Wéi gesäit de Sportminister d’Zukunft vun dësem Projet?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

De Projet „Impuls“, deen laut Rapport d’activité 2023 vum Sportministère “une collaboration étroite entre le ministère des Sports et le Comité olympique et sportif luxembourgeois (COSL)“ ass, fënnt an ëmmer méi Gemengen Uklang a wiisst séier.

  • Ech géif gären de Sportminister froen, wéi hien d’Zukunft vun dësem Projet gesäit?
  • Bleift dëse Projet eng Kollaboratioun tëschent dem Ministère an dem COSL oder soll dëse Projet ganz vum Ministère iwwerholl ginn?
  • Falls de Ministère Changementer an der Emsëtzung, der Gérance an/oder dem Objectif vun dësem Projet consideréiert, wéi eng wäerten dat sinn a wat sinn d’Grënn dofir?

Mat déiwem Respekt

Liz Braz – Deputéiert

Facebook
Twitter