Wëssenschaftler vun der Uni Tréier warnen viru méiglechen Hacker-Attacken op Häerz-Implantater: Ginn d‘Patienten zu Lëtzebuerg emfangräich iwwert dësen Risiko opgekläert?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weiderzeleeden.

Wëssenschaftler vun der Uni Tréier warnen viru méiglechen Hacker-Attacken op Häerz-Implantater a fuerderen dass d’Patienten iwwert déi potentiell Risiken opgekläert misste ginn. Et geet dobäi ëm modern Implantater, déi Informatiounen ouni Kabel iwwerdroen. Si hëllefen de Patienten zu méi Liewensqualitéit, mee kennen och an d’Viséier vun Hacker-Ugrëff geroden, an dat am schlëmmste Fall matt déidleche Suiten.

Dozou wollt ech der Madamm Ministesch follgend Froe stellen :

  • Ginn d‘Patienten zu Lëtzebuerg emfangräich opgekläert? Wéi eng (eenheetlech) Leitlinnen ginn et fir Kardiologen bei der Opklärung iwwer Pacemaker, Defibrillatoren, etc.…?
  • ⁠Wéi stelle sech d‘Kardiologen an d’Spideeler zu Lëtzebuerg op fir dësem Risiko entgéint ze wierken?
  • ⁠Et gëtt eng Applicatioun fir den Smartphone fir dass d‘Patienten Doheem kennen d‘Aktivitéit vum Defibrillator suivéieren. Mengen Informatiounen no wier de Centre Hospitalier de Luxembourg dat eenzegt Spidol dat senge Patienten dat net ubitt. Kann d’Madamm Ministesch mir soen ob déi Informatioun esou stemmt? Wa jo, firwat ass dat esou an ass geplangt dat ze änneren?

Mat déiwem Respekt,

Liz Braz – Députéiert

Facebook
Twitter