Pedro Da Fonseca Gonçalves
Age: 49
Occupation: Comptabel
🇱🇺

De Pedro ass am Portugal gebuer. Hien ass 1974 mat sengen Elteren a senger Schwëster op Lëtzebuerg komm. Hien huet seng ganz Schoulzäit a säi Comptabelstudium hei am Land gemaach.

Hien ass zënter senger Jugend ganz engagéiert. Fir d’éischt am Jugendhaus zu Beetebuerg, wou hie fréier gewunnt huet, wou hie fir d’éischt aktive Member an duerno Animateur war. De Pedro war och engagéiert an der Associatioun Amitié Portugal-Luxembourg, wou hien och Nationaltresorier war.

Mat senger Fra, dem Isabel, huet de Pedro zwee Kanner. 2008 sinn si hei an d’Gemeng geplënnert, wou hie Member vun der lokaler LSAP-Sektioun ginn ass. Hien ass hei den Tresorier.

Haut ass de Pedro an eiser Gemeng an dräi Kommissiounen engagéiert: der „Commission des Services aux Citoyens et nouvelles Initiatives citoyennes“, Bautekommissioun an der Integratiounskommissioun.

Dem Pedro si virun allem Theme wichteg, déi sech op d’Jugend, d’Kultur, d’Ekologie an d’Arbeschtrecht bezéien.

Hien interesséiert sech fir Philosophie, Konscht a geet gäre mat Frënn op Rockconcerten. Am Summer fiert hie gären en Tour mat senger Vespa.

Säi Motto : „Ëmmer bereet fir ze hëllefen.“

🇫🇷

Pedro est né au Portugal. Il est arrivé au Luxembourg, avec ses parents et sa sœur, en 1974. Il a fait toute sa scolarité et ses études de comptable au Luxembourg. 

Il est très engagé depuis son adolescence. D’abord, à la maison des jeunes de Bettembourg, où il habitait à l’époque, comme membre actif, puis comme animateur. Pedro a aussi milité au sein de l’association Amitié Portugal-Luxembourg, il y a été le trésorier national. 

Avec son épouse Isabel, ils ont 2 enfants. Arrivé dans la commune en 2008, il est devenu membre actif de la section locale du LSAP en 2017, dont il est le trésorier.

Il est aujourd’hui engagé dans 3 commissions consultatives, la Commission des Services aux Citoyens et nouvelles Initiatives citoyennes, la Commission des Bâtisses, Urbanisme et Aménagement du territoire ainsi que la Commission de l’Intégration.

Pedro est particulièrement sensible aux sujets portants sur la jeunesse, la culture, l’écologie et le droit au travail.

Il s’intéresse particulièrement à la philosophie et aux arts et est resté fidèle au rock, surtout en concert avec ses potes.
En été, il se promène avec sa Vespa.

Sa devise : « Toujours prêt à aider ».