Kann den Här Minister confirméieren, datt aussergewéinlech vill Enseignanten an de leschte Joren de Lycée Josy Barthel Mamer verlooss hunn ?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

De Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) huet am Mäerz säin 20. Anniversaire gefeiert. An deenen 20 Joer huet de Lycée sech eng ganz gutt Reputatioun opgebaut mat qualitativ héichwäertegem Enseignement. Allerdéngs schéngt am Moment e gewësse Malaise ze bestoen tëscht der Direktioun an dem Personal.

Enger Ëmfro vum SEW-OGBL no, déi elo public gemaach ginn ass, a bäi där 100 Leit vum Personal mat gemaach hunn,  schätzen  89 % vun den Enseignanten d’Stëmmung als ugespaant bis ganz ugespaant an. Och d’Initiative “ een oppent Ouer”, mam Zil den Enseignanten d’Méiglechkeet ze ginn, sech ze äusseren, schéngt nach net, oder net vill Friichten ze droen. Der genannter Ëmfro no, hätt de Klima sech nämlech net verbessert: 43 % soe souguer, en hätt sech nach verschlechtert. An d’Kommunikatioun mat der Direktioun gëtt als de gréisste Problem genannt, mat deem d’Leit am berufflechen Alldag ze kämpfen hätten.

An deem Kontext géing ech dem Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend follgend Froe stellen:

  • Wéi schätzt den Här Minister d’Situatioun am LJBM an?
  • Kann den Här Minister confirméieren, datt aussergewéinlech vill Enseignanten an de leschte Joren de Lycée verlooss hunn ?
  • Envisagéiert den Här Minister Moossnamen ze huelen, fir d’Klima am LJBM ze verbesseren? Wa jo, wéi eng Moossname wieren dat? Wéilt den Här Minister en onofhängegen Audit maache loossen? Wat gedenkt de Minister ze ënnerhuelen, fir och weiderhin eng héich qualitativ Ausbildung vun de Kanner am LJBM ze assuréieren?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener – Deputéiert

Facebook
Twitter