Trotz Kris: Regierung bleift passiv – e ganzt Joer ass näischt geschitt!
Virun engem décke Joer huet d’LSAP op parlamentareschem Wee op d’Drénglechkeet ronderëm déi schwiereg Situatioun am Neibau vu Wunnengen zu Lëtzebuerg opmierksam gemaach. Mat konkrete Proposen hu mir d’Regierung dozou opgefuerdert den aktuelle juristesche Kader ze iwwerschaffen an de Schutz vun de Keefer vu Wunnengen um Plang ze stäerken. Mir hu gefuerdert, datt des Punkten gesetzlech verankert musse ginn:
- méi Previsibilitéit a Sécherheet um Präis.
- e verbindlechen Delai fir d’Fäerdegstellung vun der Wunneng.
- méi Prezisioun beim Cahier des Charges.
- eng Garantie datt all Tranche di bezuelt gëtt och geliwwert ass.
- e bessere Rechtsschutz am Fall vu Schwieregkeete beim Bau.
Den Neibau zu Lëtzebuerg stécht nach ëmmer an enger Vertrauenskris – onduerchsiichteg Finanzéierungsmodeller a Faillitten hunn d’Leit beim Kaf vun enger Wunneng um Plang veronséchert. Et liest een och aktuell nach a rezente Presseartikele wat fir Schicksaler déi divers Faillitte vu Promoteuren an Handwierksbetriber um Bau mat sech bruecht hunn: Waardezäiten, laangwiereg juristesch Prozesser awer och grouss finanziell Suergen – an d’Leit gi weider am Ree stoe gelooss.
D‘LSAP huet sech am leschte Joer reegelméisseg dofir staark gemaach, fir déi juristesch Situatioun schnellstméiglech ze verbesseren, fir dass esou Situatiounen sech an Zukunft net nach eemol widderhuelen. Duerfir si mir enttäuscht, dass ee Joer nom Depot vun der Motioun nach ëmmer näischt geschitt ass, a mir musse leider feststellen, dass des Situatioun fir d’Regierung definitiv keng Prioritéit ass.
Am Joer 2025 konnte just ronn 1.000 Wunnengen um Plang verkaf ginn – trotz steierleche Mesüren, déi ënnert dem Leitmotiv “Neie Schwong fir de Wunnengsbau” agefouert gi sinn. Mir kënnen eis et zu Lëtzebuerg awer net leeschten, dass net méi gebaut gëtt. Am Februar 2024 huet de Premier Luc Frieden nach gemengt zu Lëtzebuerg géing et e Besoin vu 6.000 fäerdeggestallte Wunnenge pro Joer ginn. All Joer, an deem de Bau weider brooch läit, geheit eist Land weider zeréck – an dat matten an der aktueller Logementskris. Wuelwëssend, dass déi feelend Offer hir Repercussiounen op d’Wunnengspräisser huet.
D‘LSAP fuerdert d’Regierung op, endlech an d’Gäng ze kommen an hir gesetzlech Upassungen der Chamber ze presentéieren. Fir eis war vun Ufank u Kloer: Aktivitéit um Bau kritt een net iwwer Steierkaddoe mee iwwer Vertrauen – an duerfir virun allem iwwert de néidege juristesche Schutz fir de Keefer am Fall, dass Saachen anescht ewéi geplangt lafen. A fir dëse Schutz vum Keefer wäerte mir eis weiderhin asetzen.
