Energiepräisser: Sozial gerecht Mesuren elo!

Sozial gerecht Mesuren elo, fir d’Leit net am Ree stoen ze loossen  

D’Energiepräisser ginn nees duerch de Plaffong. Am Kontext vun der aktueller geopolitescher Situatioun schéngt kloer, datt dës Kris muer net wäert eriwwer sinn.

Duerfir ass fir eis wichteg, datt d’Leit net am Ree stoe gelooss ginn. Et brauch cibléiert Mesurë, et dierf net mat der Géisskan verdeelt ginn. Well et geet drëms, déi ze entlaaschten, déi et wierklech néideg hunn: Leit mat klengen Akommes, kleng a mëttel Betriber an eis Baueren a Wënzer.

 

Mir fuerderen e sozial gerechte Steierkredit

Nom russeschen Ugrëffskrich an no zwou Tripartitten hat d’Gambia Koalitioun 2023 e “crédit d’impôt énergie” agefouert. Eng Mesure fir niddreg a mëttel Akommes ze hëllefen, déi jee no Akommesklass bis zu 84 Euro de Mount ausgemaacht huet. Dat ass quasi een Tank de Mount. Dorunner soll d’Regierung sech inspiréiere fir der aktueller Präisentwécklung op der Pompel entgéint ze wierken.

 

Ongerechten Iwwergewënn besteieren!  

Gläichzäiteg dierf et net sinn, datt e puer wéineger vum Krich a Misär profitéieren. Wärend Stéit a Betriber ënner den héije Präisser leiden, generéieren eenzelner doduerch aussergewéinlech héich Beneficer.

Dofir fuerdere mir eng “Iwwergewënnsteier” am Energiesecteur. Dat ass eng Fro vu Fairness a gerechter Ëmverdeelung. Däitschland, Portugal, Spuenien, Italien an Éisträich hu schonns eng Demarche an déi Richtung bei der EU-Kommissioun ënnerholl. Mir froen eis firwat sech d’Regierung deem net ugeschloss huet (QP vum Georges Engel vum 7 Abrëll 2026).

 

De Probleem un der Wuerzel ugoen: Energieofhängegkeet reduzéieren  

Déi aktuell Situatioun weist kloer, datt eis Ofhängegkeet vu fossiller Energie nach ëmmer vill ze grouss ass. Mir sinn nach laang net do, wou mir misste sinn.

Et ass elo Zäit fir konsequent a massiv Investitiounen an den Ausbau vun erneierbaren Energien an an eis Späicherkapazitéiten ze maachen.

Duerfir muss d’Regierung dat néidegt Geld an d’Hand huele fir an nohalteg Infrastrukturen ze stiechen. Dat heescht d’Subsiden net erofsetze mee an d’Lut, fir d’energeetesch Transitioun an domat eis Onofhängegkeet virunzedreiwen. Nëmmen esou kann eng sozial gerecht Transitioun erreecht ginn.

 

Eng Tripartite ass batter néideg

D’Realitéit vun der Aarmut zu Lëtzebuerg ass alarmant, ëmmer méi Leit gëllen als “working poor” a liewen trotz Aarbecht un der Aarmutsgrenz. Duerch de Krich an d’Energiekris  gëtt déi Realitéit nach méi schlëmm.

Duerfir brauche mir méi sozial Gerechtegkeet, zemools elo, a Krisenzäiten. Well déi aktuell Energiekris ass nëmmen eng vu villen, si ass verbonne mat enormen Erausfuerderungen ënner anerem am Logement, um Aarbechtsmarché a mam Klimawandel.

Duerfir fuerder mir datt d’Regierung elo eng Tripartite aberifft, fir zesummen, am Sozialdialog, cibléiert a gerecht Léisungen ze fannen, fir des Krisen unzegoen, de Leit ze hëllefen an d’Zukunft ze plangen.

Facebook
Email
WhatsApp