Eng Schoul, an där jidderee sech wuelfillt
10 Mesuren, fir e staarken ëffentleche Schoulsystem, dee Chancëgerechtegkeet a Wuelbefannen an de Mëttelpunkt stellt
Eise Schoulsystem erfëllt seng Funktioun als soziale Lift nach ëmmer net. De sozioekonomesche Status vun den Elteren a Sproochebarrièrë suerge weiderhi fir Ongerechtegkeeten a Frust bei de Kanner a Jugendlechen. De Schoulalldag gëtt vill ze dacks just zum Stressfaktor fir all Bedeelegt.
D’LSAP wëll eng staark ëffentlech Schoul, wou Schüler, Enseignanten an Educateuren sech wuel fillen, well de physeschen a mentale Bien-être d’Basis ass fir de schouleschen Erfolleg.
All Kand huet d’Recht encouragéiert a gefërdert ze ginn, onofhängeg vun Hierkonft, Sprooch oder Status. All Schoulpartner huet d’Recht op een Aarbechtsëmfeld, an deem e gehéiert an appreciéiert gëtt.
D’LSAP proposéiert dofir 10 Mesuren, déi de Besoine vun der Schoul am 21. Joerhonnert gerecht ginn:
- Eng staark ëffentlech Schoul mat engem eenzegen, iwwergräifende pädagogesche Konzept – vun der Crèche bis zum Ofschlossdiplom.
- D’Intressen a Kompetenze vun de Kanner als Basis fir déi schoulesch Orientatioun notzen, mat Moduller fir Haapt- a Niewefächer am Lycée.
- Eng gerecht Opdeelung vum pedagogesche Personal an de Schoulen, fir esou d’Bildungsongläichheeten ze reduzéieren.
- D’Alphabetiséierung op franséisch an engem iwwerluechte Kader virundreiwen, ouni Differenzéierung an Appui a Fro ze stellen.
- Eng méi intensiv Begleedung fir Kanner mat spezifesche Besoinen, eng garantéiert Plaz an engem Centre de compétence, an eng eenzeg Uspriechpersoun fir d’Elteren.
- Déi mental Gesondheet am Kader vun der Schoulmedezin traitéieren.
- Geziilt Asetzung vu psychosozialem Personal, geziilt géint Mobbing virgoen an den Tutorat op den ënneschte Klassen am Lycée ausbauen.
- De Kampf géint Mobbing a Gewalt – online an offline – als Prioritéit deklaréieren.
- E Barometer aféieren, fir d’Wuelbefannen an der Schoul reegelméisseg ze moossen.
- Partizipativ Schoulgestaltung verflichtend maachen: Kreativitéit, kritescht Denken, Demokratie an Zesummenaarbecht fërderen.
„De Bien-être vun de Kanner ass e Must: Nëmme wa se sech sécher a gebuerge fillen, kënne se sech optimal entwéckelen an hiert Potential voll notzen.“
