Maxime:
Maurice, weess du wat d’Symptomer bei engem Häerzinfarkt sinn?
Maurice:
Et gëtt mol gesot: Grouss Péng an der Broscht, déi bis an den Aarm zitt?
Maxime:
Richteg — mee dat gëllt virun allem fir Männer. Bei Frae sinn d’Symptomer ganz anescht: Réckwéi, Bauchwéi oder datt et engem richteg schlecht ass
Maurice:
Dat war mir net bewosst! Wéi kann et sinn, datt d’Symptomer esou ënnerschiddlech sinn? An datt déi meescht Mënschen dat net wëssen? Obwuel sou vill iwwer Häerzinfarkter sensibiliséiert gëtt?
Maxime:
Dat ass genee de Problem. Vill Fuerschung baséiert nach ëmmer op engem männleche Kierper als Standard. Dat ass warscheinlech net mol bewosst geschitt, mee et bleift eng Realitéit: mir liewen an enger Welt, déi laang, ganz laang an deelweis nach ëmmer vu Männer — fir Männer — gemaach gouf.
Maurice:
Jo, wa Studie just op engem eenzege Profil, konkret engem Kierper, baséieren, da gëtt villes nëmme begrenzt ofgedeckt. Am Fall vun der Medezin kann dat fir Frae effektiv zum Deel liewesgeféierlech Konsequenzen hunn: falsch Diagnosen, net adaptéiert Medikamenter, méi héich Verletzungsrisiken a villes méi.
Maxime:
An dat mat den Häerzinfarkter ass just ee Beispill. Et weist, dass mir dacks mat engem Standard schaffen, deen net fir jidderee gëllt. Mir mussen eis Diagnosen also och de Spezifizitéite vun de Geschlechter upassen.
Maurice:
Genau Maxime. An et gesäit een et och bei villen anere Saachen am Alldag. Vill Equipementer, Instrumenter oder technesch Norme, Beispill de Gurt am Auto, baséieren nach ëmmer gréisstendeels um männleche Kierper.
Maxime:
D‘Konsequenzen si reell. Wann eppes net fir dech an deng Besoine geduecht oder konzipéiert ass, muss du dech méi ustrengen oder hues méi en héije Risiko bei der Notzung. An dat betrëfft vill Fraen an hirem Alldag.
Maurice:
E weidert Beispill ass d‘Urbaniséierung. Eis Stadtplanung ass historesch op d’Besoine vun de schaffende Leit ausgeriicht: op laange Weeër méiglechst séier vu A op B kommen. Dat ass och verständlech. Mee des Infrastrukture maachen d’Liewe vun de Mënschen an der sougenannter Care-Aarbecht, historesch heescht dat oft vu Fraen, – vill méi schwéier:– Mat oder ouni Kannerkutsch, mam Akafsweenchen, kuerz a variéiert Strecke bei d’Schoul, d’Epicerie oder soss anzwousch goen – dat ass dann op emol vill méi ëmständlech, a bedeit manner Confort, méi Stress an och heiansdo manner Sécherheet.
Maxime:
Sécherheet ass e wichtege Punkt. Stroossebeliichtung, Horairë vum ëffentlechen Transport, Weeër — dat alles beaflosst, wéi fräi a flexibel ee Mënsch am Liewen ass. A wann d’halschend vun der Mënschheet benodeelegt gëtt, beaflosst dat hir Méiglechkeeten am Liewen an hiert Entwécklungspotenzial.
Maurice:
Dat stëmmt. A sou Hürde sinn dacks net siichtbar. D’Ongerechtegkeet sammele sech. Méi Zäitopwand, méi Stress, méi Käschten — dat alles féiert dozou, datt vill Fraen hiert Potenzial net esou fräi entwéckele kënnen.
Maxime:
Hei geet et net ëm Symbolpolitik oder grouss Parollen. Et geet ëm ganz konkret Strukturen, déi net fir d’ganz Bevëlkerung entworf goufen. An dëst kënne mer ännere mat e bësse guddem Wëllen, besseren Donnéeën an enger méi präziser Planung.
Maurice:
Ganz genee. Eng modern Politik muss hei usetzen: Fuerschung a Standarde musse verschidde Profiller abannen. Net well et schéin ausgesäit, mee well et d’Qualitéit verbessert. Komplett Donnéeë bedeite komplett Léisungen.
Maxime:
Esou gëtt eng Gesellschaft méi effizient. Wann d‘Systemer fir d’Majoritéit funktionéieren, da sinn se och méi staark a méi zukunftsfäeg.
Maurice:
Dat ass dat eigentlecht Zil: keng Welt géint Männer oder fir Fraen oder géint Fraen a fir Männer, mee eng Welt, déi fair a breet geduecht ass. Eng Welt, déi d’Besoine vun der grousser Majoritéit integréiert.
Maxime:
Wa mer dat fäerdeg bréngen, da kënne mir ufänke wierklech vu Gläichstellung ze schwätzen.
Maurice:
Vu Gläichstellung a, virun allem, vu gerechte Strukturen, an deene jidderee, Mann a Fra, säi Potenzial ka liewen.