Nom groussen Erfolleg vun eiser éischter Editioun, invitéiere mir Iech häerzlech op déi zweet Editioun vun eisem spannende Quizowend! Maacht mat a genéisst eng flott Zäit an enger relaxer Ambiance, wou Ärt Wëssen op d’Prouf gestallt gëtt an Dir villäicht och Neies bäiléiert !
Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt, sou datt Dir Iech komplett op de Quiz konzentréiere kënnt. Egal ob mat Frënn, Famill oder Kolleegen, forméiert ärt Team vu 2 bis 6 Leit a sidd derbäi, wann d’Froen op Lëtzebuergesch an Däitsch gestallt ginn.
Detailer vum Evenement:
📅 Datum: 18. Januar 2024
⏰ Zäit: Start vum Quiz um 19:30 Auer (Diere gi schonns um 18:30 Auer op)
👥 Team: 2-6 Persounen
💶 Präis: 5€ pro Persoun
📞 Umeldung: bis den 13. Januar 2024 um Tel. 621 323 577
D’Umeldung ass confirméiert no der Iwwerweisung op de Kont vun der LSAP Sektioun Gemeng Beetebuerg: BCEE LU64 0019 1455 1618 2000 mam Vermierk « Quizowend + de Numm »
Kommt laanscht a loosst Är Käpp dämpen, mir freeën eis op Iech!