Nom grousse Succès vun den éischten zwou Editiounen ass et kloer: mir maachen eng drëtt Ronn!
Mir invitéieren iech dofir häerzlech op eisen drëtte Quizowend mat spannende Froen, gudder Laun an dat Ganzt an enger agreabler Ambiance.
Maacht mat an test Äert Wëssen!
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, esou datt Dir Iech voll op de Quiz konzentéiere kënnt.
Forméiert Äert Team vu 2 bis 6 Persounen a sidd derbäi. D’Froe ginn op Lëtzebuergesch an op Däitsch gestallt.
Detailer zum Evenement:
📅 17. Januar 2026
📍Am Beetebuerger Schlass
⏰ Quiz-Start: 19:30 Auer (Diere ginn um 18:30 Auer op)
👥 Team: 2–6 Persounen
💶 5 € pro Persoun
📞 Umeldung bis den 12. Januar 2026 iwwer E-mail astridseil@hotmail.com
D’Umeldung gëllt als confirméiert no der Iwwerweisung op de Kont vun der LSAP-Sektioun Gemeng Beetebuerg:
BCEE LU64 0019 1455 1618 2000
Vermierk: « Quizowend + Ären Numm »
Kommt laanscht a loosst Är Käpp gléien!


