Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

5. roude Feierowend vun de Femmes socialistes vu Beetebuerg

8.11.2024 | 19:00 - 23:00

Kommt a verbréngt mat eis, de Femmes Socialistes vu Beetebuerg, e gesellege Owend op eisem traditionelle roude Feierowend. Mir feieren dëst Joer schonns eis 5. Editioun, an och dës Kéier versprécht et nees en Erfolleg ze ginn! D’Virbereedungen lafen op Héichtouren – et lount sech! Virun allem wäert et keen Ament vu Langweil ginn, well de Lëtzebuerger Auteur Marc Weydert, Laureat vum Concours Littéraire National 2021, eis mat senger kabarettistescher Liesung duerch den Owend begleeden a fir gutt Stëmmung suerge wäert.
Du bass interesséiert? Ma da mell dech elo un um Tel. 621 323 577 bis de 6. November 2024.
Rendez-vous um 19.00 Auer am Beetebuerger Schlass Präis 30€ (1 Glas Wäin, 1 Teller Kéis oder Charcuterie, 1 Dessert mat Kaffi).
Iwwerweisunge wgl op de Kont vun den FS Beetebuerg BCEE LU43 0019 5355 1926 4000 mam Numm a Vermierk « roude Feierowend ». Mat der Iwwerweisung ass d’Reservatioun konfirméiert.
Mir freeën eis elo schonns op e flotten a lëschtegen Owend mat iech!

Details

Date:
8.11.2024
Time:
19:00 - 23:00
Event Category:

Venue

Beetebuerger Schlass
13, rue du Château
Beetebuerg, L-3217 Luxembourg