Den 8. Februar 2026 ass et erëm esou wäit!
D’LSAP-Sektioun Gemeng Beetebuerg invitéiert op hiert traditionellt Träipeniessen – dëst Joeram Beetebuerger Schlass.
Wat erwaart Iech?
E gemittlege Mëtteg mat guddem Iessen an enger flotter Ambiance. Um Menü stinn déi klassesch Träipen mat gebootschtene Gromperen an Äppelkompott. Als Dessert gëtt et Taart an eng Taass Kaffi. Als Alternativ kënnt Dir Wäinzoossiss huelen, mat oder ouni Moschterzooss.
Reservatioun
Bis den 2. Februar 2026 iwwer E-mail: astridseil@hotmail.com
Menupräis: 30 € (Plat, Dessert, Kaffi).
D’Iwwerweisung geet op:
LU64 0019 1455 1618 2000 (POSL Section Bettembourg)
Vermierk: “Träipeniessen” + Ären Numm.
D’Iwwerweisung confirméiert d’Reservatioun.
Mir freeën eis op e flotte Mëtte mat Iech.

