Loading Events

Bab(b)el Café

9.02.2026 | 19:00 - 22:00

d’LSAP Walfer invitéiert Iech häerzlech op hiere Bab(b)el Café – e gemittleche Rendez-vous fir all déi, déi gären an der Sprooch hirer Wiel mat anere Leit a Kontakt kommen.

De Bab(b)el Café ass eng Plaz vum Austausch, wou jidderee wëllkomm ass – egal ob Dir Iech am léifsten an Ärer Mammesprooch ausdréckt, eng aner Sprooch flott fannt oder einfach Freed u gudde Gespréicher an enger internationaler Atmosphär hutt.

De Bab(b)el Café fënnt ofwiesselnd an ënnerschiddleche Caféë vun eiser Gemeng statt. Den geneeë Standuert gëtt Iech ëmmer kuerz am Viraus op eiser Websäit, op Facebook, op Instagram an – wa méiglech – am Walfer Agenda matgedeelt. Sollt Dir net online ënnerwee sinn, zéckt net eis direkt ze kontaktéieren fir nozefroen.

🗓️ De Bab(b)el Café wäert eemol de Mount stattfannen. Déi schon geplangten Datumer sinn: 19.01, 09.02, 16.03, 20.04, 18.05, 15.06.

Bei all Rendez-vous si verschidde Sprooche vertrueden, déi Iech ëmmer am Viraus matgedeelt ginn.

🥤 Fir all Participant gëtt ee gratis Gedrénks offréiert.
Eng Umeldung ass net néideg: Kommt einfach laanscht, wann Dir Zäit a Loscht hutt!

Mir freeën eis drop, Iech kennenzeléieren a flott Gespréicher mat Iech ze féieren.

ADRESSE

Café des bons amis

3 Rue de Steinsel
Bereldange, 7254 Luxembourg