
D’Jonk Sozialisten (Norden) lueden iech de 14.11.2025 op e Quizowend zu Schieren an.
An Ekippe vu 2 bis 6 Persoune kennt dir äert Allgemengwëssen ënner Beweis stellen – ganz ouni ChatGPT.
Et erwaarden iech flott Froen, eng gemittlech Stëmmung a sozialistesch Präisser fir Iessen a Gedrénks.
Net ze vergiessen: Déi beschte Kappaarbecht gëtt belount!
Wéini? 14.11.2025 // Start 18:30 (bis 23 Auer)
Wou? Schieren, Centre Culturel “Al Schoul”
Participatioun pro Ekipp : 40 Euro
D’Umellung per Mail op norden@jsl.lu