Fir eng gerecht, sozial a responsabel Steierreform

Fir eng gerecht, sozial a responsabel Steierreform

Dee vun der Regierung kierzlech virgestallte Projet zur Individualiséierung vun de Steierklassen ass e Schratt an déi richteg Richtung. E behieft eng Ongerechtegkeet am aktuelle System, fërdert d’Gläichbehandlung tëscht de Steierzueler esouwéi d’Gläichstellung tëscht de Geschlechter a moderniséiert de Steiersystem.

D’budgetär Käschte ginn awer op bal 1 Milliard € pro Joer geschätzt – e Betrag, deen zu den anere schonn accordéierte steierlechen Entlaaschtungen dobäi kënnt, besonnesch fir d’Entreprisen, déi duerch déi schonn ëmgesaten an ugekënnegt Senkung vun der Kierperschaftssteier (Impôt sur le revenu des collectivités, IRC) vun all Kéiers 1 %, wat engem Recettendefizit vu 70 Milliounen € pro Joer entsprécht.

Dëse Réckgang vu Steierrecettë geschitt an enger Phase, wou d’Militär- an d’Verdeedegungsausgaben – fir 2026 sinn 1,3 Milliarden € virgesinn – staark klammen a budgetär Mëttelen an essentielle Beräicher wéi Logement, Gesondheet a Bildung esouwéi fir d’ekologesch an digital Transitioun zouhuelen.

Eng Steierreform ouni kloer Finanzéierungsstrategie bedeit en dauerhaft Lach an den ëffentleche Finanzen ze hannerloossen.

Eng fair Reform, geleet vu sozialer Gerechtegkeet a budgetärer Responsabilitéit

Doriwwer eraus vertrëtt d’LSAP d’Positioun, dass eenzeg eng Individualiséierung vun de Steierklassen d’fundamental Ongläichheeten am aktuelle System net behiewe kann. Dofir setzt d’LSAP sech fir eng méi gerecht an ëmfaassend Steierreform an, déi niddreg a mëttel Akommes entlaascht, d’Kafkraaft vun de Stéit stäerkt an dem Staat erméiglecht, ëffentlech Leeschtungen an Investissementer am Déngscht vun der Allgemengheet ze finanzéieren.

Dofir proposéiert d’LSAP:

  • D’Individualiséierung vun de Steierklassen anzeféieren, fir méi Gerechtegkeet ze schafen, besonnesch géigeniwwer Jonggesellen, an domat d’Steier net méi vum Familljestand ofhängeg ze maachen;
  • De Steierbarème esou ajustéieren, dass e méi gerecht ass: eng méi moderat Progressioun bei niddregen Akommes an eng däitlech méi staark Erhéijung bei héijen Akommes.
  • Familljen duerch Familljenzoulagen a geziilte Steierkreditter ze ënnerstëtzen;
  • Steierverschwendungen ze reduzéieren an eng gerecht Géigefinanzéierung sécherstellen, andeems Steierrecettë méi breet opgestallt ginn:
    • Aféierung vun enger zousätzlecher Steiertranche fir Akommes iwwer 300.000 €;
    • Ofschafung oder Reduzéierung vun ongerechtfäerdegte Steiervergënschtegungen („Steiernischen“);
    • Upassung vun der Kapitalbesteierung, déi aktuell däitlech méi gënschteg ass wéi d’Besteierung vun der Aarbecht;
    • Virundreiwe vum Prinzip Pollueur-Payeur bei der Finanzéierung vun der Energietransitioun.

D’budgetär Prioritéit muss, bei gläichzäiteger Entlaaschtung vu klengen a mëttleren Akommes a Sécherung vun der Kafkraaft vun de Stéit, d’Nohaltegkeet vum Budget sinn, fir dass an Zukunft an déi essentiel Beräicher Logement, Gesondheet, Bildung, Ëmwelt, Kultur an Digitaliséierung fir déi aktuell a kommend Generatiounen investéiert ka ginn.

 

D’LSAP begréisst d’Approche vum Finanzminister, deen d’politesch Parteien opgeruff hat, hir Positioun zum Projet vun der Individualiséierung vun de Steierklasse matzedeelen – nach éiert de legislative Prozess ugefaangen hat an zu engem Zäitpunkt, wou de Premierminister grad mam Sozialdialog gebrach hat.

 

Kommunizéiert vun der LSAP-Fraktioun.
Lëtzebuerg, de 24.
Oktober 2025.

 

 

Facebook
Email
WhatsApp