Alex Bodry: “Budgetsrapport bestätegt Aschätzung vun der Regierung”

“De Rapport bestätegt d’Aschätzung vun der Regierung wat d’Wirtschafts ab Finanzsituatioun ugeet Mat dëse Wierder huet den Alex Bodry haut de Mëtten am Uschloss vun der Presentatioun an der Chamber de Budgetsrapport 2016 vum Henri Kox kommentéiert.

Et wier richteg drop hinzeweisen, esou den LSAP-Fraktiounspresident, dass de Budget méi staark mat der Strategie Europa 2020 verbonne muss ginn an dass d’Ziel muss sinn, nohaltege Wuesstem an Aarbechtsplazen ze schafen. Nieft wirtschaftlechen Zieler géif de virleiende Budget och ekologesch a sozial Zieler verfollegen.

“Fir d’LSAP mussen d’Aarmut an den Aarmutsrisiko am Land mat aller Fermetéit bekämpft ginn”, sot den Alex Bodry. Déi rezent agefouert Loyerssubventioun wier e gudde Schrëtt an déi richteg Richtung. Weider Schrëtt missten awer kommen.

Facebook
Twitter