Alex Bodry: „Fir d’LSAP ass de Sozialbudget dat wichtegst!“

Zweete Budgetsdag an der Chamber an domadder Zäit fir d’Debatten. Den LSAP-Spriecher Alex Bodry huet dobäi ënnerstrach, dass de 2017er Budget Ausdrock vum Fortschrëtt a vum Vertrauen an d’Zukunft vun eisem Land ass.

„Dëse Budget stäerkt de sozialen Zesummenhalt, stäipt Kafkraaft an d’nohalteg Entwécklung. Doduerch ginn nei Aarbechtsplaze geschaaft“, huet de President vun der sozialistescher Fraktioun gesot.

alex-bodry-chamber

Weider huet den Alex Bodry dorobber higewisen, dass de Lëtzebuerger Haushalt fir dat nächst Joer och ganz op enger Ligne mat der neier Orientéierung vun der EU-Politik läit an domadder Kritike vun der klengster Oppositiounspartei zeréckgewisen: „D’Budgetspolitik vun der Koalitioun huet näischt mat Austeritéit ze dinn. Si notzt de Moment fir d’Investissementer eropzesetzen an d’Steieren erofzesetzen. Dat hëlleft de Leit an der Ekonomie!“, esou den Alex Bodry.

A Richtung net nëmmen awer virun allem vun der CSV huet den LSAP-Deputéierten kritiséiert, dass d’Oppositioun keng Alternativ zur Regierungspolitik huet. „Mat steriller Kritik, Schwaarzmolerei a Rechthaberei baut ee keen Géigenbudget op“, sot hien.

Besonnesch insistéiert huet den Alex Bodry schliisslech dorobber, dass fir d’LSAP de Sozialbudget dat wichtegst ass. „Deen Budget mécht iwwer d’Halschent vum Staatsbudget aus. An e wiisst weider. Dat ass Sozialausbau a kee Sozialofbau.“

Facebook
Twitter