„Covid-Impfung: Eng medezinesch, logistesch mee och eng sozial a mënschlech Erausfuerderung“ – Tribune libre vum Cécile Hemmen

Zanter Méint a Woche vergeet keen Dag ouni méi oder manner schlecht Nouvellen déi d’Pandemie mat sech bréngt. Jiddereen ass wuel en Deel vun der Léisung andeems mer d”Gestes barrière’ respektéiere mee dat geet bekanntlech net duer an duerfir ass deen eenzege Liichtbléck d’Impfung. Et gouf mat Héichdrock geschafft an d’Wëssenschaftler si sech eens dass nach ni an esou enger kuerzer Zäit e Vaccin zustane koum .Et war natierlech eng Course tëschent de Laboratoiren, mee et ass virun allem och eng Course géint e ganz geféierleche Feind dee sech an eis Gesellschaft ageschlach huet  an ouni Récksiicht  op alle Pläng vun eisem Alldag vill Schued uriicht, a Mënscheliewe fuerdert.

Di europäesch Gesondheetsautoritéiten hunn di final gréng Luucht fir d’Zouloossung fir e sécheren Impfstoff quasi ginn an domat hätte mer deen Hoffnungsträger fir di laangerwaarten Normalitéit erëmzekréien.

Esou wéi eis Regierung, a virop de Gesondheetsministère mat hire sëllege Servicer bis elo mat vill Engagement vertrauenswierdeg Decisioune geholl hunn, esou hunn si och dofir gesuergt, dass Lëtzebuerg den Impfstoff ganz séier kréie wäert. Si huet sech um zentrale Kafprogramm vun der EU-Kommissioun bedeelegt a mat deene 4 fermen Engagementer, déi geholl goufen, kéinten hei zu Lëtzebuerg bis zu 800.000 Leit geimpft ginn.

D’Strategie ronderëm Verdeelung an d‘Veroofreechung vum Impfstoff wäert eng logistesch Erausfuerderung sinn. Dofir stellt d’Regierung elo scho sécher, dass mer prett sinn, wann déi éischt Liwwerungen ukommen.

Wann an de klineschen Tester bis elo keng schlëmmer an nennenswäert Niewewierkunge konnte festgestallt ginn  esou ass nach ëmmer net gewosst wéi laang dass d’Immunitéit och wäert garantéiert ginn. Sinn et Wochen, Méint oder villäicht am beschtefalls Joren ?

Di héchsten Hürd déi ze huele bleift an nächster Zäit, ass fir eise Bierger d’Vertrauen an den Impfstoff ze vermëttelen. D’Covid-Impfung wäert mat Sécherheet keng Flichtimpfung ginn, a se wäert fir jidderee fräi zougänglech sinn.  Mee, de Succès vun der Impfung hänkt awer ganz kloer dervun of wéi vill Leit sech effektiv och impfe loossen. Eis Gesellschaft muss sech hirer Verantwortung bewosst ginn. D’Wëssenschaft an domat d’Recherche konnt hier Aarbecht séier a gutt maachen, net zulescht well se och di néideg finanzielle Moyen’en zur Verfügung gestallt kritt huet, mee d’Kommunikatioun ass deen nächste Beräich dee seng Wichtegkeet huet.

Engersäits gesi mer eng verstäerkten Tendenz, dass Vaccin’en generell a Fro gestallt ginn a Verschwörungstheorië gi virun allem iwwer sozial Medie verbreet. Mir mussen géint Desinformatiounscampagnë virgoen an opklären, wann Impfungen ouni faktesch Basis verdäiwelt ginn an esou d’Leit veronsécheren.

Anerersäits musse mer kloer kommunizéieren, fir d’ Leit mat hire Suergen  a punkto Sécherheet vum Coronavirusvaccin besonnesch wéinst der kuerzer Entwécklungszäit an der acceleréierter Zouloossungsprozedur, ze berouegen.

De Vaccin ass e Liichtbléck a wäert hoffentlech erlaben, déi nach ëmmer ugespaante Situatioun ze entschäerfen. D’Lsap ass houfreg op di konsequent Haltung vun hirer Gesondheetsministesch an dëser sanitärer Kris a sollt der mech perséinlech froen ob ech mech impfe loossen… da soen ech ganz kloer JO! Jo, am Sënn vum Respekt fir meng Matmënschen.

Déi ganz Tribune libre kënnt Dir hei -> nolauschteren.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Facebook
Twitter