Entwécklungs-Zesummenaarbecht a Covid-Zäiten – méi wi just eng Fro vu Solidaritéit!

 

D’Entwécklungs-Zesummenaarbecht, déi dozou déngt, di wirtschaftlech, sozial, ökologesch a politesch Entwécklung an d’Liewensbedingunge vun de Mënschen a mi aarme Länner nohalteg ze verbesseren, ass an der Lëtzebuerger Politik fest verankert a steet bei eis op engem zolitte Fundament. Kee Regierungswiessel, keng Wirtschaftskris, kee Budgetslach a keng Pandemie hunn eis vun eisem Engagement ofbruecht fir 1% vun eisem Revenu national brut fir d’Kooperatioun opzebréngen, an dat säit 2009! 2021 wäerten et 402 Millioune sinn, di mir an d’Zesummenaarbecht mat eise Partnerlänner, wéi z.B. dem Niger, dem Cap Vert oder dem Laos, a mat laangjärege Partner a Projeten investéieren.

Dat ass e ganz staarkt Zeeche vu Solidaritéit, zu där mir als LSAP 100%eg stinn!

Enn Mee hunn sech all d’Acteure vun der Kooperatioun zesummefonnt an e staarke Message un d‘Öffentlechkeet geriicht. Mat der COVID-Pandemie huet sech op ville Plazen d’Situatioun vun de vulnerabele Populatiounen nach weider verschlechtert. A wéi ëmmer trëfft et an der grousser Majoritéit vrun allem déi, di schonn net vill hunn, déi oft keen Accès zu elementare Gesondheets- a Sozialservicer hunn a wéineg Méiglechkeeten, fir sech aus eegener Kraaft eng mënschewierdeg Existenz opzebauen. Och den Zougang zur Educatioun huet a Pandemiezäite staark gelidden. Laut UNICEF si wéinst der Pandemie weltwäit 168 Millioune Kanner vum Schoulunterrecht ausgeschloss. Vrun allem fir d’Meedercher besteet en erhéichte Risiko, dass si ni méi an d’Schoul zeréckgoe kënnen oder vill ze jonk a Bestietnisser gedriwwe ginn.

Wärend der COVID-Pandemie, déi nach net eriwwer ass, huet eis Lëtzebuerger Kooperatioun, mat hirer Agence LuxDEV a mat alle Partner an ONGen, rapid an effikass reagéiert a ganz flexibel iwwerall do gehollef wou se nëmme konnt. Dorop kënne mir als Land houfreg sinn!

Doriwwer eraus geet et awer elo virrangeg drëm, eise Partnerlänner weider zur Säit ze stoe fir d’Erausfuerderunge vun der Zukunft ze meeschteren a méi Resilienz opzebauen, wat eis am Endeffekt alleguerten zegutt kennt! Dofir ass eng Entwécklungs-Zesummenaarbecht wichteg, déi innovativ, inklusiv a nohalteg ausgeriicht ass. A ville Beräicher si mer scho ganz aktiv, Stéchwuert FinTech, Digitalisatioun oder Lutte géint de Klimawandel.

Och a Saache fairen Zougang zu Vaccinë mussen déi räich Länner nach eng Schëpp drop leeën. Dofir fannen ech et wichteg, dass Lëtzebuerg d‘Efforte vun der EU a vun der Weltgesondheetsorganisatioun ënnerstëtzt, fir  den Accès zu den Impfunge méi equitabel ze gestalten. An deem Zesummenhang begréissen ech, dass eis Regierung der internationaler Impf-Allianz  verstäerkt Ënnerstëtzung zougesot huet, fir als Land aktiv dozou bäizedroen, dass Mënschen an allen Deeler vun der Welt en Accès zu engem COVID-Vaccin kënne kréien.

Dat ass dat richtegt Signal!

Jo, an der Entwécklungszesummenaarbecht muss ee couragéiert a nohalteg agéieren. D’Susanne Moorehead, Präsidentin vum Comité fir Entwécklungshëllef an der OECD, huet rezent d’Approche vu Lëtzebuerg gelueft an eis encouragéiert, eis Efforte weider ze acceleréieren a nach méi innovativ ze sinn. Mir huelen dësen Challenge un! Bei all eisen Efforte spillen a mengen Aen di 3 nei Strategien, déi ënnert dem LSAP-Minister Franz Fayot ausgeschafft goufen, an de Beräicher Gläichbehandlung vun de Geschlechter, Ëmwelt a Klima an inklusiv an innovativ Finanzen, eng zentral Roll. Dobäi ass  a mengen Aen de Volet vun der Stäerkung vun de Fraen an hire Rechter  besonnesch wichteg, well nëmme sou d’Ziler vun der Bekämpfung vun der Aarmut a vun enger nohalteger Entwécklung erreecht kënne ginn.

Fir iwwert all déi Erausfuerderungen  ze diskutéieren a fir zesummen ze kucke wou mer am Moment stinn, hunn ech fir Donneschdeg eng Heure d’actualité an der Chamber ugefrot.

Mir sinn an der Fro vun der Entwécklungs-Zesummenaarbecht alleguer gefuerdert an hunn et an der Hand, wéi aktiv mer och an Zukunft dozou bäidroe wëllen, fir des Welt e Stéck mi gerecht a mi liewenswäert ze maachen.

Lydia Mutsch, Députéiert

Facebook
Twitter