Étienne Schneider: Oppene Bréif un de Claude Wiseler

“Dir hutt rezent an enger Pressekonferenz behaapt dës DP-LSAP-Déi Gréng Regierung wär eriwwer, an Dir maacht Äre Constat dorunner fest, dass déi verschidde Regierungsparteie lues a lues Positioune bezéien, zu Sujeten déi fir si an der nächster Legislaturperiod wichteg ginn. Wat ass da w.e.g. onnatierlech un dem Ëmstand, dass och 3 Koalitiounsparteien sech 1 Joer virun de nächste Wahlen doriwwer Gedanke maachen, wat no Oktober 2018 soll am Land geschéien?” An engem oppene Bréif reagéiert den Vize-Premier a Wirtschaftsminister Étienne Schneider op Aussoen vum CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler.