Fir eng oppen an tolerant Gesellschaft

 

Transcript:

Och wann den LGBTIQ, also

  • Lesbesch
  • Schwul
  • Bisexuell
  • Transsexuell
  • Intersex
  • Queer

Persounen hir Grondrechter souwuel duerch

  • d’Grondrechts Charta vun der Europäescher Unioun,
  • dem EU-Traité,
  • der Europäescher Konventioun fir Mënscherechter

garantéiert sinn, huet dat en Deel vum Establishement a Polen souwéi Ungarn net dovun ofgehalen, diskriminatoresch Mesurë vis-à-vis vun dëser Communautéit auszeruffen. Déi rezent Polemik ronderëm d‘UEFA an dem Münchener Futtballstadion huet dëst nach emol verdäitlecht.

Pour rappel: iwwert 100 Regiounen a Polen, souwéi déi ungaresch Stad Nagykàta sech fräi vun enger sougenannter LGBTIQ Ideologie oder och nach Propaganda deklaréiert!

Desweidere gouf an Ungarn eng Gesetzesännerung gestëmmt, déi et verbidde soll, Sujeten déi Homo- an Transsexualitéit populariséiere kéinten, an de Schoulen ze thematiséieren, souwéi diversen ONG’en den Zougang zu Schüler zukünfteg verbitt.

Des systematesch Diskriminatioun an déi onsäglech sougenannte „Fräi vu LGBTIQ Ideologie Zonen”, féiert moossbar zu méi Gewalt géigeniwwer vu Mënschen déi sech selwer zu dëser elo vulnerabeler Gemeinschaft zielen. Dëst ass an den Ae souwuel vun der LSAP wéi och vun den europäesche Sozialisten ganz kloer eng inakzeptabel Situatioun!

An op déi gëllt et elo mat alle Mëttel ze reagéieren!

Dat alles passéiert op europäeschem Buedem, dee sech aus senger Vergaangenheet eraus geschwuer huet keng Diskriminatioune méi zouzeloossen – et ass also héich Zäit, en Zeeche vun Empathie a Oppenheet ze setzen!

An deem Grondgedanken, huet heizulands de Gemengforum, d’Organisatioun vun den LSAP-Gemengevertrieder, eng Resolutioun an eng Rëtsch Lëtzebuerger Gemengeréit abruecht, déi en Zeeche géint des flagrant Mënscherechtsverletzunge setze wëllen.

Eng Resolutioun, déi an den Dierfer, Stied a Gemengen déi sech dozou bekennen, explizitt eng „LGBTIQ-Fräiheetszone“ ausrifft!

Dësen Engagement ass méi wéi just ee Symbol! Beweist en dach en aktiven Engagement, eng Ausernanersetzung mam Thema Solidaritéit an Toleranz – Wäerter déi fundamental sozialistesch sinn a bleiwen, an dëst esouwuel no baussen, wéi och bannen eise Gemengen.

Et ass flott ze gesinn, dass schonns d’Gemenge

  • Beetebuerg
  • Esch-Uelzecht
  • Lëtzebuerg
  • Lorentzweiler
  • Réiser
  • Rammerech
  • Rëmeleng
  • Suessem

beschloss hunn dës Resolutioun matzedroen. Aner Gemenge wäerten nozéien. Als Awunner vun dëse Stied a Gemengen dierf een houfreg op seng Vertrieder sinn, onofhängeg vun hirer politescher Faarf, déi deemno an hirem Numm déi scho genannte Wäerter sou héich halen!

Och als Bierger si mer opgefuerdert eis ëmmer nees souwuel am Alldag wéi och an der aktiver politescher Gestaltung mat de Gedanke vu Oppenheet, sief et elo vis-à-vis vun der LGBTIQ Communautéit oder anere Gemeinschaften, ze beschäftegen.

E Land, eng europäesch Unioun kann nëmmen zesummen, mat ALL senge Bierger an Awunner no fir kucken, a Richtung Zukunft an där mer eng Platz reservéiere fir all Faarwe vum Reebou!

Schéinen Dag nach, a bleift oppen a gesond!

 

Cécile Hemmen, LSAP-Deputéiert

Tom Jungen, Generalsekretär vun der Partei

Facebook
Twitter