Gerechtegkeet duerch Gläichstellung – sozialistesch Gedanken zum internationale Fraendag

E Bléck zréck

Dat anert Joer ginn et 120 Joer, datt d’Sozialistesch Partei gegrënnt gouf, fir d’éischt ënnert dem Numm Sozialdemokratesch Partei, spéider dann huet se sech ëmbenannt an d’Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei, wéi mer se haut kennen. Waren et um 26. Januar 1902 lauter Männer,  déi d’Partei offiziell gegrënnt hunn, sou waren awer vun Ufank un, nieft der Verbesserung vun de miserabelen Aarbechtskonditiounen, d’Uleies vun de Fraen e wichtegen a feste Bestanddeel vum sozialistesche Programm. Ugefaangen natierlech mat der Fuerderung nom allgemenge Walrecht schonns kuerz no der Grënnung am Joer 1905 mat enger Petitioun, dat no laange Bestriewungen op Drock ënnert anerem vun de Sozialistinnen a Sozialisten 1919 agefouert gouf. Domat war eist Land bei den éischte Länner weltwäit, déi de Fraen dëst elementar wichtegt Recht zougestanen hunn.

Déi éischt Fra an der Lëtzebuerger Chamber war dunn och eng Sozialistin: d’Léierin Marguerite Thomas-Clement, déi 1919 gewielt gouf. Obwuel et duerno Joerzéngte gedauert huet, bis nees eng Fra an d’Chamber gewielt gouf, sou bloufen d’Fraerechter nawell eng vun de ganz groussen a wichtege politesche Fuerderunge vun der LSAP.

1929 gëtt zu Lëtzebuerg eng éischte Kéier den internationale Fraendag gefeiert, deemools op Initiativ vum Foyer de la Femme, dem dunn an och haut nach vill Sozialistinnen a Sozialisten nostinn an aus dem spéider d’Femmes Socialistes ervirkoumen. Zanterhier ass den 8. Mäerz e feste Rendezvous am Kalenner vun alle Sozialistinnen a Sozialisten zu Lëtzebuerg.

Keen kann ofstreiden, datt virun allem d’LSAP un all de fraepoliteschen Errongenschaften am leschte Joerhonnert e besonnesche Verdéngscht huet. Ob d’Ofännerung vum Code Civil, d’Reform vum Bestietnis, oder nach d’ Entkriminaliséierung vun der Ofdreiwung: wann och ni eleng awer zesumme mat villen aneren Organisatiounen an de Gewerkschaften, mee ëmmer waren d’Sozialistinnen a Sozialiste mat vir bäi, wann et ëm d’Verbesserung vun der Situatioun vun de Fraen a méi Gläichberechtegung goung.

D’Fraerechter an d’LSAP am Alldag

Haut am Joer 2021 ass dat net anescht. Och wa scho vill Erreecht gouf, gëllt et vun der Gläichberechtegung um legale Niveau zu enger Gläichstellung tëschent de Geschlechter ze kommen: De selwechten Zougang zur ëffentlecher Grondversuergung bleift en zentralt Zil, genee esou wéi eist Striewen no  Gläichstellung tëscht de Geschlechter, fir dat selwecht Deelhuelen un Demokratie, Educatioun, Diversitéit an der Aarbechtswelt, sozialer Sécherheet a Kultur, zu Lëtzebuerg a weltwäit nach net eriwwer ass.

Dëst ass fir eis NET eng antiquéiert Fuerderung aus dem leschte Joerhonnert, well eng Gläichberechtegung virum Gesetz net automatesch eng Gläichstellung vun der Geschlechter an der Gesellschaft bedeit, d’Fuerderunge fir en gesellschaftleche Wandel sinn néideg fir eng modern a fortschrëttlech Politik, déi hir berechtegt Plaz an der politescher Agenda vun haut huet.

Een Drëttel vun den LSAP-Regierungsmemberen sinn haut Fraen. D’Hallschent vun den Deputéierten och. Eist iewescht Parteigremium gëtt gewielt zur Haltschent fir Fraen an zur Hallschent fir Männer. Dräi vu véier Bezierker gi vu Frae presidéiert. Eng nächst Statuttereform wäert och d’Duebelspëtzten geschwënn aféieren. Ëmmer méi jonk Fraen engagéieren sech an der Partei, dat freet eis an ass och néideg well mat knapps iwwert engem Drëttel vun eise Memberen ass eis den Undeel vu Fraen an der Partei net grouss genuch.

E Bléck no vir

An de leschte Jore stécht besonnesch d’Gesetz vum Dezember 2016 an d’An. Di deemoleg Chancegläichheetsministesch Lydia Mutsch huet e Gesetz duerchbruecht, dat eng ënnerschiddlech Bezuelung vu Fra a Mann bestrooft. Och hei war Lëtzebuerg eent vun den éischte Länner, dat dëst kloer gesetzlech verankert huet, och wann dacks fälschlecherweis op Island verwise gëtt, Lëtzebuerg hat hei d’Nues vir. D’Evolutioun vum “Gender-Pay-Gap” ass encourageant: Den “Gender-Pay-Gap” ass zu Lëtzebuerg ee vun den déifsten an Europa, wat weist, datt mir um richtege Wee sinn. Allerdéngs sinn am “Gender-Pay-Gap” net all d’Faktore berécksiichtegt, sou zum Beispill d‘Deelzäitaarbecht vun den Employéen. Hei läit nach ëmmer eng grouss Differenz vir: 37% vun de Frae géint nëmme 6% vun de Männer schaffen an Deelzäit. Et gëllt also och de Fokus ze leeën, datt Fraen a Männer sech gläichermoossen hirem Privatliewe wéi Beruffsliewe widme solle kënnen. E besonnesche Fokus muss an deem Kontext och drop geluecht ginn, datt Fraen am Duerchschnëtt duebel sou vill onbezuelten Aarbecht am Stot resp. bei der Kannererzéiung leeschten  an och de Gros vum essentielle Personal duerstellen, esou zum Beispill am Gesondheets- a Fleegesecteur.

D’Egalitéitsministesch Taina Bofferding huet sech och vill virgeholl: de Kampf géint Stereotyppen, eng besser Vereenbarkeet vum Beruff mat der Famill, de Programm mat de soug. “actions positives”, dem nationalen Aktiounsplang a villen anere konkreten Initiativen wéi z.B. dem Erschaffe vun engem Observatoire, en wichtegt Instrument, fir all d’Chiffere ventiléiert nom Geschlecht ze zentraliséieren an sou méi konkret politesch kënne virzegoen, solle mir der Gläichberechtegung och an dësem Joerzéngt e gutt Stéck méi no kommen.

#Zesummen ënnerstëtze mir si doranner, net nëmmen um Weltfraendag, mee och op all den aneren 364 Deeg am Joer!

Mir wënschen alle Fraen an alle Männer e schéine Weltfraendag!

Maxime Miltgen, Presidentin vun de Femmes Socialistes

Yves Cruchten, President vun der LSAP

Facebook
Twitter