D’Gläichstellung vun de Geschlechter ass e Grondrecht!

 

D’Gläichstellung vun de Geschlechter ass e Grondrecht a wesentlech an alle Beräicher vun enger gesonder an oppener Gesellschaft! Haut, um internationale Meederchers Dag, wollt ech d’Geleeënheet notze fir drun ze erënnere wéi wichteg et ass Meedercher an eiser, mee och an anere Gesellschaften, de Jonge gläichzestellen!

D’Thema vun dësem Joer ass “Digital Generation. Our generation”. Grad beim Zougang a bei der Notzung vun digitale Geräter, Medien a Plattforme ginn et weltwäit Ënnerscheeder tëscht Meedercher a Jongen. An dëst zum Nodeel vun de jonke Meedercher.

D’Corona-Pandemie, mat der nach méi schneller Entwécklung vun dësen digitale Plattformen, huet och net dozou bäigedroen dës Ecart’en ze reduzéieren. Den Ënnerscheed beim Zougang a Notzung vun digitale Geräter variéiert tëscht 17% weltwäit a bis zu 43% an ekonomesch manner entwéckelte Länner. Weltwäit hunn 130 Millioune Meedercher keen Accès zu engem reegelméissege Schoulunterrecht.

Wann een dann awer och nach matkritt wat no der Iwwernam vun den Talibanen am Afghanistan mat de Rechter vun de Meedercher passéiert, gëtt dat engem staark nozedenken a mécht mech perséinlech betraff. D’Striewen no Gläichstellung vun de Geschlechter, fir déi selwecht Fräiheet, fir dat selwecht Deelhuelen un der Demokratie an Educatioun muss en zentraalt Zil sinn a bleiwen. D’LSAP war ëmmer e Virreider fir perséinlech Fräiheeten an dat wëlle mir weiderhin ënnerstëtzen.

Mir sollten un dës Ongerechtegkeeten denken, och wa se wäit vun ons ewech passéieren. Mer sollten all deene Meedercher, déi ongerecht behandelt ginn, ob am Afghanistan, oder soss uechter d’Welt, an deenen en Zougang zu Educatioun souwéi digitale Medie verwiert bleiwen, signaliséieren, dass mer dës Ëmstänn net ignoréieren a weider op diplomateschem Wee eng Verbesserung vun hirer Situatioun ustriewen.

Ee gerechten Zougang zum Digitale fir Meedercher ass e wichtege Baustee fir eng gesond ekonomesch Entwécklung, eng Méiglechkeet kompetitiv ze sinn an e Virdeel allgemeng hin op nationalem Niveau, iwwregens och zu Lëtzebuerg.

Mee wéi gesäit et heiheem mam Digital Gender Divide tëscht Jongen a Meedercher aus?

Lëtzebuerg ass keng Insel! Och wann ech iwwerzeegt sinn, dass heiheem eis sozial Politik déi Ongerechtegkeete probéiert ofzeschafen, sou wéi d’LSAP mam Ministere fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer duerch eng grouss Sensibiliséierungsaarbecht d’Clichéen, Virurteeler a Stereotyppen, déi eng Brems am akademeschen a beruffleche Choix sinn, versicht ze briechen. Och wa bei eis den Ënnerscheed tëscht Meedercher a Jonge beim Zougang op Digital Medie méi niddreg läit, sou sollte mer awer net ophalen Efforten ze maachen, fir dëse Gruef och an Zukunft esou kleng wéi Méiglech ze halen.

Hei dierft sécherlech speziell an der Educatioun, ugefaange beim Fondamental, nach Loft fir nei Iddie sinn, déi dozou géife bäidroen, de Risk vu geschlechterbaséierten Ongerechtegkeeten niddreg ze halen.

Loosst mech zum Schluss op dësem ‘International Day of the Girl’ nach en Appell un all déi jonk Meedercher dobausse maachen, sech genausou heefeg wéi d’Jongen och an hirer zukünfteger Beruffswiel fir en Job am digitale Secteur ze interesséieren, wann dat hire Wonsch ass. D’Digitaliséierung huet kee Geschlecht!

Loosse mer se als Gesellschaft doranner ënnerstëtzen, och iwwert dësen Dag eraus!

 

Vanessa Tarantini,

Fraktiounssekretärin LSAP

Facebook
Twitter