Interview mat LSAP-Gemengevertrieder zur aktueller sanitärer Kris:

Mir wollte wësse wéi et aktuell bei eise Vertrieder um lokalen Niveau ausgesäit a wéi si mat der saniärer Kris ëmginn.
An deem Kontext hunn mir mam Dan BIANCALANA, Buergermeeschter vun Diddeleng, a mam Jean-François WIRTZ, Buergermeeschter vu Betzder, iwwert Moossnamen an Initiativen an hire Gemenge geschwat:

Wéi eng konkret Mesuren huet är Gemeng geholl fir dës Kris ze bewältegen?

Jean-François : Déi éischt Moossnamen déi mer als Gemeng geholl haten, war eis Gemengeservicer op ze deelen a jeeweils 2 Ekippen; eng Equipe déi op d’Aarbecht komm ass, an déi aner Hallschent huet via Télétravail vun doheem geschafft oder war doheem op Standby, Wie déi meescht Gemengen hu mir direkt en „toutes boîtes“ gemaach fir eis Bierger dorop hinzeweisen sech net méi onnéideg ze deplacéieren a just nach op Rendezvous op d’Gemeng ze komme respektiv via Email oder Telefon sech un d’Gemeng ze wenden. Dat huet och bis elo wonnerbar geklappt. D’Bierger hu Verständnis dofir!
Mir hunn och parallel all eis Gemengegebaier zougemaach, de Veräiner Bescheed gesot, fir grouss Usammlunge vu Léit op enger Platz ze vermeiden. Spéiderhi goufen och all eis Spillplazen, Grünschnittkontainer zougemaach respektiv ewechgeholl. Parallel dozou hu mir eis Bierger via eisen Internetsite an eis Facebook Sait oder via Flyeren ëmmer iwwert dës Aktiounen informéiert.
Direkt an der éischter Woch no der Proklamatioun vum Etat de Crise hunn mer en Akafsdëngscht fir eis Bierger iwwer 65 Joer organiséiert. E Service dee gutt genotzt gëtt a vun eise Gemengenaarbechter, zur vollster Zefriddenheet vun eisen eelere Bierger, geleescht gëtt.
Mir hunn ebenfalls e Flyer rausbruecht mat allen wichtegen Telefonsnummere vu Servicer an Ulafstellen déi an dëser Situatioun fir all eise Bierger wichteg sinn a solle benotzt ginn. Eng lëscht vun de Restaurant’en a Geschäfter mat Liwwerdéngscht an der Regioun hu mir och ausgedeelt.
Allgemeng probéiere mer och duerch positiv Messagen eise Bierger ze vermëttelen datt mir nëmmen dës Sanitärkris kënne packe wann mer eis all un d’Reegelen halen a wann mer ee mat deem anere solidaresch sinn. Zesumme si mer staark an zesumme packe mer dës Kris !

Dan: Eng Partie ëffentlech Plaze goufe bei eis an der Gemeng direkt zougemaach respektiv ofgespaart. All eis administrativ Demarchë kënne just nach op Rendezvous ofgewéckelt ginn, deen Leit kënne per Telefon oder per Mail huelen. D’Gemengepersonal schafft och an engem reduzéierte Modus momentan, ënner anerem a verschiddenen Equippen, am Télétravail asw.
Dobäi kënnt, dass all grouss Evenementer an enger éischter Phase bis den 1. Juni ofgesot gi sinn, an enger zweeter Phase hunn mer och decidéiert d’Fête de la musique ofzesoen, wou awer all Joer e puer Dausend Léit op Diddeleng kommen. (Mëttlerweil ass bis den 31. Juli alles ofgesot)
De Wochemaart fënnt och net méi statt, mee d’Awunner hunn awer d’Méiglechkeet fir direkt bei de Maartleit ze bestellen, déi liwweren de Leit hier Bestellungen dann heem.
Mir hunn een Akafsservice fir déi eeler Matbierger iwwert 60 Joer a fir vulnerabel Persounen an d’Liewe geruff, dee fir d’Léit entweder an de Supermarché oder an Apdikt geet. Dëse Service gëtt vun enger Ekipp vun Educateuren a Mataarbechter vum CIGL assuréiert.

Hutt dir en Projet oder eng Iddi wou een anere Gemenge kéint mat op de Wee ginn?

Dan : Fir eis Bierger hunn mir eng Helpline vun der Gemeng aus ageriicht, op déi eeler Persoune kënnen uruffe wann si d’Gefill hunn eleng ze sinn oder einfach nëmme bësse wëlle poteren. Fir eis Matbierger an awer och doriwwer eraus an dëser schwiereger Zäit psychologesch ze begleeden, publizéiere mir 2 mol d’Woch Beiträg mat konkrete Beispiller fir dës Zäit vum Confinement besser ze geréieren.

Fir eis Geschäftsleit ze ënnerstëtzen, hunn mir eng Lëscht opgestallt mat all de Restauranten, Geschäfter a Commercë bei eis an der Gemeng déi hir Produiten heem liwwere respektiv wou d’Leit kënnen hir Saache siche goen. Dës Lëscht gëtt ëmmer nees aktualiséiert an ass bei eis um Site ze fannen! Zäitgläich gouf och een Depliant ausgeschafft mat allen nëtzlechen Informatioune fir all déi Bierger déi keen Accès op den Internet hunn.
Zousätzlech hunn mir zesumme mat de Geschäftsleit d‘Plattform “mäinDiddeleng” an d’Liewe geruff, iwwert déi d’Leit kënne Bonge kafen oder een Don maache fir eis d’Geschäftsleit zu Diddeleng an dëser Zäit ze ënnerstëtzen.

Jean-François : Eppes wou mir nach selwer drun schaffen ass en Opruff ze maachen un eis Bierger fir sech ze melle fir fräiwëlleg eise Kanner an eise Jugendlechen an dësen Zäite bei hiren Hausaufgaben an hire schouleschen Aarbechte weider ze hëllefen. Dëst mam Ziel och den Elteren deenen dës Aufgabe méi schwéier falen ënnert d’Äerm ze gräifen. Dat wier eng déi ech nach anere Gemenge géif mat op de Wee ginn.

Hutt dir Initiativen an der Gemeng lafen déi vu Privatleit/Organisatiounen organiséiert gi sinn?

Dan : De Service „Ensemble Petite Italie et Schmelz“ hat een Opruff gemaach fir Masken ze bitzen, si proposéieren de Leit donieft virtuell Kaffispausen oder den Austausch vu Kachrezepter.
Och eng Partie Awunner hunn gehollef Maske bitzen oder hunn sech och mol op hire Balcon gestallt a gesongen oder hunn do Musek gemaach fir Noperschaft.
Eise Club Senior „Schwaarze Wee“ huet eng ganz Partie Initiativë lancéiert fir hier Memberen awer och aner eeler Matbierger an der Gemeng wärend der Kris ze animéieren an hinnen Iddien ze gi fir sech doheem ze beschäftegen, wéi zum Beispill danzen.
Eng ganz Partie vun eise Gemengeservicer schaffen aktiv mat fir de Leit flott Iddien ze gi fir d’Zäit erëm ze kréien. Des Beiträg gi reegelméisseg op der Facebooksäit vun der Gemeng publizéiert.
Eist Jugendhaus an den Outreach si fir déi Jonk erreechbar wann si wëlle schwätzen oder sech austauschen. D’Jugendhaus proposéiert ënner anerem flott virtuell Aktivitéite wéi zum Beispill Yogacoursen.
Et gouf eng Aktioun (hashtag) #märdiddelengerbleiwendoheem lancéiert. Vill Leit a Veräiner vun Diddeleng hunn hei matgemaach an hir Fotoen a Videoen ënnert dem Hashtag op Facebook an Instagram publizéiert.

Jean-François : Eng zousätzlech Iddi vun eiser Seniorenkommissioun as och immens luewenswäert. D’Iddi war all eise Bierger a Biergerinnen ab 70 Joer, an dësen Zäite vum Isolement eng kleng Freed ze maachen an hinne fir Ouschteren e klenge Cadeau ze maachen, als Zeechen datt mir un Sie denken an sech trotz den Ëmstänn net sollen eleng spieren. Hei hunn d’Membere vun der Seniorenkommissoun Zockerwäffelcher gebak an an eng kleng Këschtche verpaakt, dobäi huet d’Gemeng nach en Ouschteree geluecht. Sou konnte mir 202 Bierger iwwer 70 Joer e klenge Cadeau fir Ouschtere maachen.

D’Betreiungspersonal vun der Maison Relais huet eisen  3D-Printer reaktivéiert kritt a si fläisseg am Gaang domadder Bigele fir Schutzmasken hi?erzestellen. Sie bitzen och Otemschutzmaske?n aus Kotteng fir d’Spideeler an d’Seniorenheemer. Eng super Initiativ

Donieft ginn et op enger FB-Säit, déi « Betzder#News » heescht a vu Bierger aus eiser Gemeng verwalt gëtt, nach weider Initiativen haaptsächlech och fir eis ganz jonk Matbierger, eis Kanner. Eng flott Mol-Aktioun gouf hei zum Beispill an d’Liewe geruff.

Facebook
Twitter