LSAP-Summerinterview (3): Yves Cruchten

An der Serie vun eisen LSAP-Summerinterviewen mëcht haut den LSAP-Generalsekretär an Deputéierten Yves Cruchten säi Réck- an Ausbléck.

 

  1. Wann Dir misst, d’LSAP-DP-„déi gréng“-Koalitioun an engem Wuert beschreiwen, wéi ee Wuert wier dat?

Kompetent

  1. Wat war fir Iech, de politeschen Héichpunkt vun der leschter Chambersessioun?

Déi éischt konkret Schrëtt a Richtung Trennung vu Kierchen a Staat. Dobäi geet et net drëms d’Relioun oder d’Kierch ze verdame, mee et geet drëms fir d’Relatiounen tëschent dem Staat an de Glawensgemeinschaften, grad ewéi hir Finanzéierung, fair an transparent ze regelen. Ech sinn iwwerzeegt dass dat am Intressi vun all Mënsch ass, och am Interessi vun de  Glawensgemeinschafte selwer.

  1. Wat huet Iech (ganz allgemeng) an der Lëtzebuerger Politik an deene leschten 10 bis 12 Méint besonnesch markéiert? Wat am besonnesch positiven, wat am besonnesch negative Sënn?

Besonnesch traureg huet mech déi ëffentlech Diskussioun ronderëm d’Strummerte gemeet. Bei allem Versteesdemech deen ech bei där Diskussioun hunn, gouf leider vergiess drop hinzeweisen datt et sech hei ëm déi Schwaachst an eiser Gesellschaft handelt, déi di guer näischt hunn, dacks mol net en Daach iwwert dem Kapp.Amplaz se just ze verdäiwelen hätt ech mer gewënscht, datt mer driwwer diskutéiert hätten wéi een deene Leit kann hëllefen aus hirem Misère erauszekommen. Leider ass d’Politik hei dem totale Populismus verfall. Anerersäits huet mech immens markéiert, wéivill Solidaritéit d’Lëtzebuerger de Flüchtlingen entgéint bruecht hunn. Vill Associatiounen a jonk engagéiert Bierger hunn gesammelt a gehollef, hei zu Lëtzebuerg an och op der Plaz beim Mëttelmier… RESPEKT!

  1. Wat si fir Iech perséinlech déi politesch Prioritéiten an deene nach gutt zwee Joer vun dëser Legislaturperiod?

Den Aarmutsrisiko bleift ze héich an d’Ongläichheeten huelen zou an eisem Land. Dëst ze bekämpfen an alle politesche Beräicher muss eis Prioritéit bleiwen!

  1. Summervakanz oblige: Wat bedeit fir Iech Vakanz? Kënnt oder musst Dir ofschalten? Wa jo, wéi geléngt Iech dat am Beschten?

Vakanz ass fir mech, NÄISCHT maachen! E gutt Buch liesen (z.B. vum Michael Moore), bei der Piscine leien a sech et gutt goe loossen….

Facebook
Twitter