LSAP-Summerinterview (6): Alex Bodry

6. Deel aus eiser LSAP-Summerinterview-Serie: den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry iwwert Regierungs- an Oppositiounspolitik an iwwert de Spaass um faulenzen.

  1. Wann Dir misst, d’LSAP-DP-„déi gréng“-Koalitioun an engem Wuert beschreiwen, wéi ee Wuert wier dat?

Geschlossen, esou presentéiert sech des Koalitioun zënter hirem Untrëtt. Intern gëtt diskutéiert a verhandelt, no bausse steet jiddereen zu dem Accord.

  1. Wat war fir Iech, de politeschen Héichpunkt vun der leschter Chambersessioun?

D’Aféierung vun engem eenheetleche Wäerterunterrecht an de Lycéeën an d’Neiregelung vun der Finanzéierung vun de Kierchen. Dat ass e gesellschaftspoliteschen Duerchbroch, deen nëmmen an der aktueller politescher Konstellatioun méiglech war.

  1. Wat huet Iech (ganz allgemeng) an der Lëtzebuerger Politik an deene leschten 10 bis 12 Méint besonnesch markéiert? Wat am besonnesch positiven, wat am besonnesch negative Sënn?

Positiv war ouni Zweiwel den Accord iwwert déi nei grouss Steierreform mat hiren Akzenter fir manner Steiere bei Kleng- a Mëttelverdénger.
Negativ war d’Alternativlosegkeet vun der Oppositioun: nëmme Kritik, keng politesch Visiounen.

  1. Wat si fir Iech perséinlech déi politesch Prioritéiten an deene nach gutt zwee Joer vun dëser Legislaturperiod?

Am soziale Beräich ass déi nei Aarbechtszäitregelung an de Betriber, d’Reform vum Congé parental an d’Reform vum RMG vun grousser Bedeitung. Et ass wichteg, dass d’Fleegeversécherung nohalteg ofgeséchert gëtt.

  1. Summervakanz oblige: Wat bedeit fir Iech Vakanz? Kënnt oder musst Dir ofschalten? Wa jo, wéi geléngt Iech dat am Beschten?

Den „Dépaysement“ ass fir mech wichteg, en „Tapéitewiessel“ deet gutt, bréngt een op aner Gedanken an erlaabt et nei Energie ze tanken. Ofschalte jo, wann net grad Journalisten uruffen: einfach faulenzen kann och Spaass maachen!

Facebook
Twitter