Mat der Mask an d’Schoul

Säit e puer Woche steet fir eis jonk Matbierger erëm Schoul um Programm. An der momentaner Situatioun muss de Schoulalldag allerdéngs ugepasst ginn. D’Joanne Goebbels, Directrice Adjointe am Athénée de Luxembourg, informéiert iwwert den neie Schoulalldag an d’Erausfuerderunge fir Proffen a Schüler. 

 

Wéi huet d’Rentrée ugefaangen? Wat sinn déi gréissten Erausfuerderunge fir d’Léierpersonal an d’Schüler?

Joanne Goebbels: D’Rentrée huet plus ou moins normal ugefaangen. Mir hu probéiert esou vill wéi méiglech Normalitéit eranzebréngen, och wa mer natierlech verschidden Ajustementer gemaach hunn. Well mer scho virun der Summervakanz erëm zeréck an der Schoul waren, ass d’Rentrée zimmlech reiwungslos iwwert d’Bün gaangen. D’Mesure ware bekannt an d’Schüler hu se och weiderhi respektéiert. Dat eenzegt, wat bei eis am Kolléisch, an och a villen anere Lycéeën, geännert huet, war den Accueil vun de Septièmen. Normalerweis kommen all d’Septièmen mat hiren Elteren an engem Sall zesummen a vun do aus starte mer deen éischten Dag. Dat hu mer natierlech net kënne maachen.

Mir hunn och vun Ufank u festgeluecht, dass de port-du-masque am ganze Gebai obligatoresch ass, och an de Klassesäll. Dës Entscheedung ass aus den Erfarungen am Summer entstanen. Wann eng Klass erëm ganz zesummen ass, da kënne mer d’Distanz vun zwee Meter net garantéieren, soudass d’Mask säit dem 15. September fir jiddereen iwwerall obligatoresch ass. An ech muss soen, dass dat och zu 99% ouni Problem klappt.

D’Erausfuerderung ass de Schüler am Alldag trotz der Situatioun e Gefill vu Sécherheet ze ginn, fir dass se sech net onwuel spieren. Et ass als Proff net ëmmer evident d’Mask unzehunn an de Rapport zu de Schüler ze halen. Mee och do mengen ech, dass mer eis zimmlech gutt adaptéiert hunn an d’Schüler sinn awer frou erëm an d’Schoul kennen ze goen. An dat ass fir mech den Haaptpunkt: et ass immens wichteg, dass d’Kanner, egal a wéi engem Alter, d’Normalitéit vun der Schoul hunn. Si sollen natierlech schoulesch eppes léieren, mee et ass de mënschleche Kontakt, deen enorm wichteg ass. D’Schoul spillt eng eminent Roll fir de festen Alldag, de mënschleche Kontakt an de mentalen Equiliber vun de Kanner ze garantéieren.

 

Mengt dir perséinlech, dass déi momentan Mesure gutt sinn?

JG: Ech menge schonn, dass déi Mesuren, déi geholl gi sinn ganz raisonnabel sinn. D’Iessen an der Mëttesstonn ass heiansdo schwiereg, well een do keng 100% Sécherheet garantéiere kann. Do gëtt et awer keng besser Mesure wéi déi, déi och an de Restaurante gëllen, un deene mir eis orientéieren. Mir passen op an hunn och ëmmer Assistenten a Proffen, déi wärend der Mëttespaus an der Kantin sinn, fir d’Situatioun esou gutt wéi méiglech ze steieren.

Ech géif mengen, dass mer soss alleguer de Maximum maachen fir d’Schoul esou sécher wéi méiglech ze maachen. Wéi vill Schoulen hate mer och positiv Fäll, mee mir stelle fest, dass déi mannst sech an der Schoul ustiechen. An deenen allermeeschte Fäll stiechen d’Schüler sech ausserhalb vun der Schoul un, wa se z.B. mat Kolleegen ënnerwee oder an der Famill sinn an dorop hu mir jo keen Afloss.

 

Wéi ass déi generell Stëmmung an der Schoul? A wéi wierkt sech d’Situatioun op de Schüler hier emotional Lag aus?

JG: Ech géif léie wann ech soen, dass alles normal leeft. Et ass e gewëssenen Drock do, souwuel fir d’Léierpersonal, wéi och fir d’Schüler. De Confinement an déi ganz Situatioun hunn hier Spueren hannerlooss. Den emotionale Volet huet a leschter Zäit zimmlech staark gelidden an dofir soen ech och dass et esou wichteg ass, dass d’Kanner an d’Schoul kenne kommen. Mir mierken dass verschiddener et schwiereg haten an nach ëmmer hunn.

Dovun ofgesinn, fannen ech d’Stëmmung generell awer gutt. Et ass organisatoresch méi ustrengend fir Proffen a Schüler. Dee ganze Mechanismus, dee bei enger Autoquarantänn gestart gëtt, fir d’Schoul op Distanz ze halen, verlaangt eng extrem Flexibilitéit a Reaktivitéit vun de Proffen. Ech hoffen dass dat esou bleift. Am Moment si mer nach all voll motivéiert a frou an der Schoul ze sinn, mee d’Fro ass wéi d’Situatioun elo weider evoluéiert, virun allem mat deenen Zuele vun deene leschten Deeg. Dat gëtt engem natierlech erëm méi en onséchert Gefill.

Ënnert dem Stréch si mer awer all frou do ze sinn, eis Schüler ze gesinn an de Suivi kënnen ze maachen. Dat wat an engem Klassesall geschitt dréit generell awer nach méi Friichte wéi e gudden Onlinecours.

 

Wéi huelt der negativ Impakter op verschidde Schüler hire Léierfortschrëtt erëm op?

JG: Um Enn vum leschte Schouljoer konnten d’Schüler hier schlechtsten Nott ewechloossen. Doduerch si Schüler weiderkomm, déi ënner aneren Ëmstänn d’Joer eventuell hätte misse widderhuelen. Fir déi Schüler gouf e „Contrat de remédiation” opgestallt. An deem Fall kruten d’Schüler dee passenden cours d’appui virgeschloen an d’Eltere kruten déi Informatioun mat der Zensur geschéckt. Da war et un den Elteren eis Bescheed ze soen, ob se déi Mesuren akzeptéieren. Wann d’Elteren de Kontrakt ënnerschriwwen hunn, ass de Schüler automatesch an de cours d’appui gaangen. Wann d’Elteren iwwerzeegt sinn, dass et och ouni geet, da muss de Schüler net dohinner. Mir suivéieren d’Kanner zwar dann natierlech, mee mir kënnen de Cours net imposéieren.

Dëst huet mat sech bruecht, dass mer eis cours d’appui’en direkt vun der Rentrée un lafe gelooss hunn, wou mer normalerweis réischt am Oktober domat ufänken. Zousätzlech dozou gëtt et dëst Joer eng méi grouss Offer un Hëllefe fir d’Schüler, wéi z.B. e Cours d’appui sur rendez-vous, fir eventuell Problemer méiglechst fréi opzefänken.

De Bilan vun der éischter Hallschecht vum Trimester gëtt elo deemnächst gemaach an da gesi mer wou mer nach Ännerunge brauchen.

 

 

Joanne Goebbels,

Directrice Adjointe aus dem Athénée de Luxembourg

Facebook
Twitter