Wéi vill “grave Accidenter” hunn am Joer 2021 an 2022 tëschent Mëtternuecht a 5 Auer moies stattfonnt? Wéi vill vun dësen Accidenter stoungen a Verbindung mat Alkohol?

Här Präsident,


sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.


Fir d’Mobilitéit an d’Sécherheet vun de Bierger och am Nuetsliewen ze garantéieren, sinn Servicer wéi de “Late Night Bus” oder privat Déngschtleeschtungen, wéi den “Night Rider” vun grousser Wichtegkeet. Et ass sou, datt de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten e Subsid u Gemengen oder Associatiounen, déi sou eng Offer organiséieren, ausbezilt. Allerdéngs geet aus dem Aktivitéitsbericht vun der Police ervir, datt am Joer 2021 ëm 80 % vun insgesamt 1.630 Permisen wéinst Alkohol agezu goufen. Dëst ënnersträicht, datt e groussen Handlungsbedarf an dem Beräich besteet.

An deem Zesummenhang wëlle mir den Häre Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi vill “grave Accidenter” hunn am Joer 2021 an 2022 tëschent Mëtternuecht a 5 Auer moies stattfonnt? Wéi vill vun dësen Accidenter stoungen a Verbindung mat Alkohol?
  • Wéi ass déi demographesch Zesummesetzung vun de Chauffeuren, deenen hier Permis agezunn gouf?
  • A wéi enge Gemengen existéiert d’Offer vum “Late Night Bus”, “Night Rider” oder änlech Servicer? Wéi eng Gemenge bidde kee sou e Service un?
  • Wéi héich ass de järleche Subsid vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten fir déi uewegenannte Servicer pro Gemeng a pro betraffen Associatioun? Wéi ass dëse Subsid zesummegesat? Bedenkt den Här Minister de Montant vun dësem Subsid eropzesetzen, fir méi Gemengen ze encouragéieren dëse Service unzebidden?
  • Ginn et Statistiken iwwert d’Unzuel u Passagéier pro Regioun iwwert déi lescht 5 Joer, déi vun dësem Service profitéiert hunn?


Mat déiwem Respekt,

Weber Carlo                                     Cécile Hemmen

Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an vum Minister fir bannenzeg Sécherheet op d'parlamentaresch Fro n° 7455 vum 9. Januar 2023 vum Här Deputéierten Carlo Weber an vun der Madamm Deputéiert Cécile Hemmen.
Facebook
Twitter