Här President,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro
un d’Madamm Ministesch fir Digitaliséierung an den Här Premierminister weiderzeleeden.
Am Mäerz 2024 sinn déi staatlech Internetsäiten Zil vun enger gréisserer DDOS-Attack ginn, déi
d’Funktionalitéit vun de betraffene Websäite weesentlech gestéiert huet. Dës Attacken hu verschidde
Vulnerabilitéite vun den digitalen Staatsinfrastrukture gewisen.
An dësem Zesummenhang wëll ech folgend Froe stellen:
– Sinn zënter de Cyberattacken am Mäerz 2024 weider Ugrëffer op déi staatlech Internetsäite
registréiert ginn, déi en Impakt op hir Funktioun haten?
– Wat fir zousätzlech Mesurë goufen nom Mäerz agefouert, fir déi staatlech Infrastruktur bei
zukünftegen Attacken besser ze protegéieren?
– Konnten d’Autoritéiten scho bewerten, op sech dës néi Mesurë bewäert hunn?
– A Bezuch op d’Sécherheetslücken déi duerch de Fait entstinn, dass verschidde Gemengen hir
eegen IT-Systemer laanscht de «SIGI» entwéckelen: wéi gëtt garantéiert, datt all déi kommunal
Informatiksystemer den eenheetleche Sécherheetsstandarden entspriechen, déi vum SIGI a vum
CTIE definéiert goufen?
– Wéi schätzt d’Regierung d’Sécherheet vun de kommunalen Infrastrukturen am Kontext vun de
rezenten a méigleche Cyberattacken an? Ginn et geplangte Kooperatiounen oder Initiativen, fir
d’Sécherheetslücken ze reduzéieren?
Mat déiwem Respekt,
Liz Braz – Deputée
Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27483